HelsinkiDrone-Liwwerung vun Alphabet gëtt an Europa getest

No enger Testphas vun 18 Méint an Australien, ass d'Mammegesellschaft vu Google och prett, fir hire Service bei eis ze testen.

D'Finne si bekannt als Amateure vun neie Produiten oder Servicer, dofir huet Wing, eng Firma vun Alphabet, Finnland erausgesicht, fir déi éischt europäesch Flich vun hirer Drone-Liwwerung ze testen.

Zanter 6 Joer schaffen d'Ingenieuren, d'Techniker an d'Designer u d'Maschinnen, déi alles Méigleches direkt heem oder op d'Aarbecht liwwere wäerten. Zesumme mat engem automatesche System, deen d'Lokalisatioun vun der Commande steiert, kënnen dës onofhängeg Dronen eréischt e puer Minutten nom Bestellen, d'Commande dohinner bréngen, wou se gebraucht gëtt. Zanter Juli ass dës Firma offiziell aus dem Labo eraus.

An der Offer sti Gedrénks, Iesswueren, Medikamenter oder Haushaltsartikelen, déi net méi schwéier wéi 1,5 Kg solle sinn, an net méi wäit, wéi 10 Kilometer mussen transportéiert ginn. Dem Generaldirekter vu Wing no ass dëst net nëmmen eng praktesch Léisung, déi méi effikass ass a séier geet, awer och den Transportmëttel vun enger grénger Zukunft, well en ouni CO2-Ausstouss funktionéiert. Allerdéngs mussen d'Batterien nees opgeluede ginn, awer zum Schluss verschmotzt dëse Service 22 Mol manner, wéi eng traditionell Liwwerung, déi esou séier wier.

Finnland gouf och aus meteorologesche Grënn erausgesicht, well wann d'Dronen hei ouni Problem schaffe kënnen, da misst de Service iwwerall klappen, esou d'Annonce um offizielle Site, dee speziell fir dat skandinavescht Land opgemaach gouf. Hei fënnt een och eng ganz Rëtsch praktesch Detailer zum Service, awer och e puer Froen, déi intresséiert Leit kënne beäntweren, fir dësen neie Genre vu Liwwerung nach besser gestalten ze kënnen.

Wärend der Testphas kann d'Populatioun, déi an der concernéierter Géigend wunnt, gratis vun den Drone profitéieren. Dat Eenzegt, wat se bezuele mussen, sinn d'Produiten, déi se kafen. Esou erhofft sech de Generaldirekter James Ryan Burgess, eng konkret Konkurrenz zu Amazon geschwënn iwwerall proposéieren ze kënnen.

Iwwert hir Aktivitéit um amerikanesche Kontinent bleiwe se éischter roueg. Et gëtt geschafft, allerdéngs sinn d'Reegelen hei vill méi streng an esou eng Léisung aus der Loft wier momentan nach net esou einfach ze verwierklechen.