Fake NewsBritesch Parlamentskommissioun attackéiert Facebook a publizéiert Beweiser

Nei Woch, neie Skandal fir de soziale Reseau. Dës Kéier mengt Groussbritannien, dass perséinlech Donnéeë mat Partner wéi Airbnb gedeelt goufen.

© Tumisu
Nom Skandal vun der Exploitatioun vu perséinlechen Detailer duerch d'Firma Cambridge Analytica gëtt et een neien Dossier fir den éischte soziale Reseau op der Welt. Eng britesch Parlamentskommissioun huet e Mëttwoch Facebook accuséiert, verschidden Informatiounen vu sengen Usere mat kommerzielle Partner ze deelen. Informatiounen, déi u sech misste privat bleiwen.

Méi wéi 250 Säiten vun internen E-Maile goufen als Beweis publizéiert. Dës Kommissioun enquêtéiert zanter e puer Méint iwwer de Fake-News-Phänomen op der Plattform. Eng parlamentaresch Prozedur, déi seele benotzt gëtt, huet dëser Kommissioun Zougang zu interne Messagë ginn. Den Damian Collins, President vun dëser Kommissioun, mengt et wiere ganz schlëmm Problemer entdeckt ginn.

Wéi d'Enquêteuren d'E-Maile gelies hunn, gouf eng "wäiss Lëscht" vu Partner fonnt, déi fräien Zougang zu eisen Informatioune kruten. An dat obwuel zanter 2015 extern Appe ganz staark Restriktioune kruten, fir dass déi perséinlech Donnéeë privat bleiwen.

Wéi déi britesch Kommissioun bis e Mëttwoch net déi néideg Äntwerte vum amerikanesche Ris kritt huet, goufen d'Beweiser ganz einfach publizéiert, wéi den Damian Collins dat och op Twitter ugekënnegt huet. Hei wier den Interessi vun der Populatioun däitlech betraff, dofir missten déi Dokumenter deelweis public gemaach ginn, esou de Parlamentarier. Se goufe bei der Firma Six4Three beschlagnaamt, déi 2015 eng Plainte géint Facebook an den USA deponéiert hat.




Hei léiert een, dass Facebook-Useren op Android méi staark betraff waren. D'Lëscht vun hiren Uriff gouf reegelméisseg analyséiert, ouni dass si et woussten. D'Facebook-Cheffe wollten dës Informatiounen och verkafen, ier se dunn dës Iddi opginn hunn. 2015 gouf och den Accès zu den Informatioune limitéiert, allerdéngs gouf och gläichzäiteg eng "wäiss Lëscht" opgestallt vu Partner wéi Netflix, Airbnb oder och nach Lyft. Dës "VIP"-Partner kruten nach Accès zu verschiddenen Informatiounen vu Useren op der Plattform.

De Reseau huet natierlech direkt an engem Pressecommuniqué geäntwert: "Déi Dokumenter goufen op eng selektiv Manéier publizéiert, fir verschidden intern Diskussiounen par Rapport zu Facebook ze weisen, awer net alleguer, dee Moment, wou ganz radikal Ännerungen op der Plattform installéiert goufen. Eng Saach ass kloer: mir hu privat a perséinlech Donnéeën ni verkaf". 

Ob dës Reaktioun fir déi britesch Kommissioun elo duergeet? D'Publikatioun huet scho fir vill Opreegung a Groussbritannien, awer och an den USA gesuergt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.