KanadaVerhaftung vun Huawei-Finanzcheffin suergt fir politesch Turbulenzen

D'Angscht virun engem Kollaps bei den Handelsgespréicher tëscht USA a China ass grouss, nodeems d'Huawei-Managerin Meng Wanzhou a Kanada festgeholl gouf.

D'Coursen op der Bourse sinn um Donneschdeg agebrach.

Huawei kritt Medieberichter no vun der US-Regierung reprochéiert, géint d'US-Sanktioune vum Iran verstouss ze hunn. De kanadesche Justizministerium gëtt vun der US-Regierung opgefuerdert, d'Madame Meng un d'USA auszeliwweren. Um Freideg soll virun engem Geriicht zu Vancouver gekläert ginn, ob d'Managerin kann ënner gewëssen Oploe fräigelooss ginn.

D'Meng Wanzhou gouf scho leschte Samschdeg verhaft. Et ass awer elo eréischt bekannt ginn, parallel zum Zäitpunkt, wou den Donald Trump mam chinesesche Staatschef Xi Jinping um Bord vum G20-Sommet iwwert den Handelssträit tëscht USA a China beroden hunn.

No der Annonce vun der Verhaftung, si weltwäit d'Bourssen agebrach. Den däitschen Aktienindex Dax huet um Donneschdeg 3,48% verluer. E loung um Enn um déifste Stand zanter Ufank Dezember 2016.
Och den Dow Jones war tëschenzäitlech ëm 3% an de Keller gerutscht, huet sech duerno awer nees erkritt a bei engem Minus vun 0,31 agependelt.  Op den asiatesche Bourssen waren d'Coursen och agebrach.

Dem US-President Trump säi Sécherheetsberoder John Bolton huet matgedeelt, dass d'Wäisst Haus am Virfeld wousst, dass geplangt ass, d'Madamm Meng ze verhaften. Ob den Donald Trump selwer Bescheed wousst, konnt de Bolton awer net bestätegen. De kanadesche Premier Justin Trudeau huet sengersäits ënnerstrach, dass d'Verhaftung ouni politesch Interventioun geschitt ass. D'kanadesch Justiz wier onofhängeg.



Déi chinesesch Regierung protestéiert géint d'Verhaftung a fuerdert, dass d'Madamm Meng direkt fräigelooss gëtt. D'Botschaft zu Ottawa schwätzt vun enger schwéierer Verletzung vun de Mënscherechter vum Affer. D'Madamm Meng hätt weder kéint kanadescht, nach géint US-Recht verstouss. Huawei huet matgedeelt, näischt vun engem eventuelle Feelverhale vun der Finanzdirektesch ze wëssen.

Huawei ass e Leader vun den Technologie-Entreprisen a China an huet rezent den amerikanesche Konzern Apple vu Plaz 2 bei de weltgréisste Smartphone-Produzente verdrängt. Si leien elo just nach knapp hannert dem südkoreanesche Leader Samsung.