Open SourceVLC ass méi wéi 3 Milliarde mol erofgeluede ginn

Rechtzäiteg fir d'CES zu Las Vegas huet de Multimedia Player ganz positiv Zuele kommunizéiert an intressant Neiegkeete fir d'Zukunft ugekënnegt.

Zanter 1996 gëtt et de Programm VLC an zanterhier hunn déi Responsabel eng reegelrecht Evolutioun erlieft. Den Open Source Multimedia Player, deen et erméiglecht etlech Formater ofzespillen, physesch oder digital, ass méi wéi 3 Milliarde Mol weltwäit erofgeluede ginn.




Am Moment um CES zu Las Vegas präsent, hunn d'Entwéckler iwwer déi aktuell Zuele geschwat, awer och iwwer dat, wat nach op eis duerkënnt.

De Jean-Baptiste Kempf, den Haaptentwéckler vu Videolan, huet annoncéiert, dass ee Véierel vun den Downloads vun enger mobiller Versioun kommen, de Beweis dass d'Software sech och senger Zäit ugepasst huet an och vill Succès op Android oder iOS huet.

Eng Neiegkeet déi an engem Interview fir Variety devoiléiert gouf, ass den offizielle Support vum Apple AirPlay, deen an engem décke Mount misst Realitéit sinn. Esou kann een dann e Video vu sengem Computer, sengem iPhone oder Android Smartphone op een Apple TV schécken a kucken. Dat ass eng vun de gréissten Annoncen am Kader vum CES (Consumer Electronics Show) zu Las Vegas.

VLC misst och geschwënn een "virtuell Realitéit"-Modus kréien, fir seng Filmer an engem Fake-Kino ze genéissen, dat mat Hëllef vun engem VR-Brëll. Dozou misst och nach eng Zort Bibliothéik an d'Software agebaut ginn, fir e Contenu méi séier erëmzefannen, ouni sech mussen an eng Server-Plattform ze verwandelen, esou de Jean-Baptiste Kempf.

De weltbekannten Hittchen ass also permanent am Gaange besser ze ginn a versprécht nach méi Iwwerraschungen an den nächste Méint a Joren. Eng franséisch Success Story déi sengem Haapt-Entwéckler och déi national Éier bruecht huet, hien ass nämlech virun e puer Deeg zum Chevalier de l'ordre national du mérite ernannt ginn.