Fréier eng Plo, haut en TrendKaffidrénken tëscht Raten am "Rat Café"

San Francisco huet eng nei Touristenattraktioun, an zwar e ganz spezielle Café, wou Raten doheem sinn.

© AFP

Am Café vum San Francisco Dungeon Musée, kënnen d'Visiteuren an Zukunft net nëmmen déi aner Leit beobachten, ma och Raten, déi do fräi ronderëm lafen. D'Iddi ass et, d'Rateplo aus dem 20. Joerhonnert spierbar ze maachen an en authentescht Erliefnis ze schafen. Mat dëser Aktioun, déi elo mol op puer Weekender getest soll ginn, wëll de Musée iwwert de Summer seng Offer erweideren. D'Tickete fir des Aktioun waren dann och direkt ausverkaaft.

Caféë mat Katzen beispillsweis gëtt et schonn an Asien an Europa, mä Raten, déi bewosst gehale ginn, gouf et bis elo nach net. D'Organisatioun "Rattie Ratz," di d'Déieren zur Verfügung stellt, verséchert awer, datt des Raten ganz zam sinn, sech gären heemele loossen a garantéiert keng Krankheeten iwwerdroen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.