Am HidschabDéi neiste Barbie-Kreatioun huet e Kappduch

Den US-Spillsaacheris Mattel bréngt elo fir eng alleréischte Kéier an der Geschicht eng verschleiert moslemesch Barbie op de Maart.

© AFP

Mat der Popp wierdegt Mattel d'Fechterin Ibtihaj Muhammad, déi d'lescht Joer als éischt US-Sportlerin mat engem Hidschab-Schleier bei den Olympesche Spiller ugetruede war. Domat hätt si vill Meedercher a Frae weltwäit inspiréiert, sech iwwer d'Grenzen ewechzesetzen. Deemno soll déi nei Barbie demonstréieren, dass Meedercher alles maache kënnen.

D'Ibtihaj Muhammad huet sech iwwert dëse Gest immens gefreet: "Ech sinn esou houfreg, dass kleng Meedercher elo iwwerall mat enger Barbie spille kënnen, déi sech decidéiert hunn en Hidschab ze droen".