Am Mäerz 2018D'Kult-Sitcom "Roseanne" kënnt zeréck op de Bildschierm

D'Fans vun der Famill Conner dierfe sech freeën. Wéi ABC elo annoncéiert huet, kënnt et de 27. Mäerz 2018 zu engem "Roseanne"-Revival op der Tëlee.

© E!News/Instagram
Déi nei Emissiounen sollen eemol d'Woch all Dënschdeg op der US-Televisioun ze gesi sinn. Déi alleréischt vun den neien Emissioune soll eng Speziallängt vun enger Stonn kréien.

Bei der Neioplag vun er Kult-Sitcom si praktesch all déi ursprénglech Staren nees mat derbäi. Ongewëss ass ob de "Big Bang Theorie-Star" Johnny Galecki nach matmaachen dierf, hie steet aktuell bei engem anere Senger ënner Kontrakt.

Och den John Goodman, deen den Dan verkierpert, ass nees mat vun der Partie. Wéi een dat wëll hikréien, bleift spannend, schliisslech ass den Dan an der Finale 1997 gestuerwen.

Wéini déi nei 10. Staffel op déi däitsch Tëlee kënnt, ass nach net gewosst.