Vitaminnen, gréngen Téi a Co.Wat ass d'Geheimnis vu schéiner Haut?

All Fra wënscht sech eng perfekt Haut: Douce, glat a reng. Ma wat muss een dofir maachen? Oder stécht dat an de Genen?

E chinesescht Sprachwuert seet: Et gëtt keng elle Fraen, et gëtt just liddereg Fraen!
Ween eng schéin Haut wëll, dee muss och eppes dofir maachen. Mir hunn e puer Tricken erausgepickt, déi sécher hëllefen.

Save Water, drink Champagne!

Gutt Idee - bréngt der Haut awer leider net vill. De mënschleche Kierper besteet bei der Gebuert zu 80% aus Waasser. Mam Alter hëlt dëst awer of, sou datt dëse Prozentsaz bei enger Persoun mat 80 Joer just ëm déi 40-50% läit. Dat weist sech och ganz däitlech un eiser Haut.
Waasser ass awer och gutt fir d'Duerchbluddung vun den Zellen, fir eisen Immunsystem an natierlech fir de Fonctionnement vun eisen Nieren. An eng gutt Dusch um fréie Moie mécht och nach waakreg dobäi.

Eng propper Haut ass eng schéin Haut!

Eis Haut - besonnesch déi am Gesiicht - ass all Dag ville schiedleche Facteuren ausgesat. D'Keelt dréchent se aus. D'Loftverschmotzung léisst se méi séier al ginn. De Maquillage verhënnert, datt se richteg kann ootmen.
Dofir ass et wichteg, datt mir eis Haut owes richteg propper maachen a fleegen. Fir d'éischt soll een de Maquillage mat enger Lotioun op Basis vun Ueleg ofwäschen. Duerno gëtt d'Haut mat engem Gel oder engem Schaum déif propper gemaach. Regelméisseg ee bis zwee mol d'Woch deet e Peeling der Haut gutt. Fir Ofzeschléissen däerf eng Nuetscrème net feelen.

Sauerstoff hält jonk!

E gudden Tour duerch déi frësch Loft bréngt eis net nëmmen op nei Gedanken, ma si deet eis och kierperlech gutt. De Sauerstoff huele mir zu 95% duerch eis Longen an awer och zu 5% iwwer eis Haut op. Duerch hie gëtt den Impuls vun der Zell-Deelung verstäerkt - dat léisst eis Haut frësch a strahlend ausgesinn... an dat bei all Wieder!

Sonn - awer mat Mooss!

Asiatesch Fraen hu ganz dacks e frëschen Teint. Kee Wonner, well bei hinnen ass bleech Haut besonnesch schéin an deemno versiche si hir Haut maximal virun der Sonn ze schützen. Sou gesäit ee regelméisseg Dammen déi mam Sonneprabbeli an Händche spadséiere ginn.
Dacks géif et awer an eise Géigende schonn duergoen, wa mir eis net géifen an déi prall Sonn leeën an eng ugepasste Crème mat héijem Liichtschutzfacteur benotzen. Ma och am Schnéi (well dee reflektéiert d'Sonn) a bei liichte Wolleken ass et wichteg seng Haut ze schützen.

Geheimrezept: Gréngen Téi!

Mat sengen Antioxidanten Flavonoiden a Polyphenole soll de gréngen Téi besonnesch gutt am Kampf géint d'Zeeche vum Alter wierken. Donieft huet hien och eng Rei Vitaminnen a Mineralstoffer, déi vu bannen agéieren.

Schéinheetsschlof mécht wierklech schéin!

An der Nuecht leeft de Regeneratiounsprozess vun eiser Haut op Héichtouren. Wann Dir op regelméissegen a genuch Schlof oppasst, wäert Är Haut sech dankbar weisen a sech frësch weisen. Eng héichwerteg Nuetscrème mat Gingko-Extrakt, Amino-Saieren oder Proteinen aus dem Weess hëllefen zousätzlech. Do hunn däischter Reefer ronderëm d'Aen keng Chance.

Crème - awer déi richteg!

Dréchen Haut, fetteg Haut, sensibel Haut, gemëschten Haut, jonk Haut,... Wësst Dir mat Sécherheet wat fir eng Crème déi richteg fir Iech ass? Am Supermarché an an Drogerië fënnt ee masseg Produiten, déi alles versprieche wat ee sech ka wënschen. Ma et soll een awer nach laang net alles gleewen.
Nëmmen an engem professionellen Institut kann eng Esthéticienne eng genee Analys vun der Haut maachen an deemno och am Beschte berode wat fir eng Fleeg d'Haut brauch. Och do ginn et ënnerschiddlech Marquen op méi oder manner planzlecher Basis a fir all Budget - obwuel een un där Saach net soll spueren.

Wierklech Schéinheet kënnt vu bannen!

Gesond Ernährung, vill Sauerstoff an déi richteg Fleeg hëllefen näischt, wann de Mënsch net wierklech glécklech an ausgeglach ass.