USAFacebook féiert Selbstmord-Button an

De Selbstmord-Button, dee Facebook an den USA ausprobéiert, soll de betraffene Leit hëllefen, dat mat Tipps oder mat engem Präventiounsexpert.

© AFP
De Button ass am Fong do, fir de Leit, déi vu Suicide schwätzen, hëllefen ze kënnen.

De System ass ganz einfach. Wann een aus dem privaten Ëmkrees op Facebook undeit, datt hie sech eppes wéilt undoen, kann een dëse Button drécken. Da ginn d'Mataarbechter vu Facebook aktiv a kucke sech déi betraffe Posts un. Sollte si och zum Entschloss kommen, datt déi Persoun e Problem huet, gëtt Facebook aktiv.

De betraffene kritt eng Mail vu Facebook, wou folgendes soll drastoen: "E Frënd mengt, datt s du schwéier Zäiten duerchmëss".

Doropshin kritt d'Persoun d'Méiglechkeet per Mausklick sech u Facebook ze wenden, wéi him dann hëllefe mat engem Expert a Kontakt ze kommen oder Tipps zu gewësse Liewenssituatioune ginn. Do sollen da Videoen an d'Spill kommen, wou Leit mat ähnleche Problemer erklären, wéi si aus der Situatioun konnten eraus kommen a wat si dovunner ofgehalen huet, sech selwer eppes un ze dinn.

Ob dëse System och an Europa aktivéiert gëtt, ass nach net gewosst. Aktuell gëtt en an den USA opgebaut.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.