Den Auto vum Joer 2015Mat 340 Punkte gewënnt de Volkswagen Passat zu Genève

Fir déi 58 europäesch Journalisten, déi an der Jury souzen, ass de VW Passat den Auto vum Joer. Op Plaz 2 kënnt de Citroën C4 Cactus.

A 6 Kathegorien: Design, Confort, Sécherheet, Handling, Performance a Präis goufen um Enn 31 Autoe bewäert. Et ass fir déi drëtte Kéier bannent 6 Joer, datt dës Auszeechnung u Volkswagen geet.

Biller vum Autosalon vu Genève


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.