Neie WeltrekordGréisst Televisioun vun der Welt huet 110-Zoll

D'Firma "The Creative Life" huet eng 110-Zoll grouss, déi sougenannten "Curved-TV" mat enger 4K héijer Opléisung op de Marché bruecht.

© Marc Becker
Déi chinesesch Firma "The Creative Life", kuerz TCL, gehéiert zu deene gréisste Produzente vun Televisioune weltwäit. Technikfans kënne sech elo freeën, well d'Firma huet déi gréisst Televisioun op der Welt, laut dem Guinnessbuch vun de Rekorder, erausbruecht.

De Produit beandrockt mat enger knapper 280 cm grousser Bildschiermdiagonal, an ass domat souguer méi grouss wei den 110-Zoll Modell vu Samsung. D'Televisioun vun TCL huet eng 3D-Funktioun a kann doniewent och nach als Smart-TV benotzt ginn.

Déi chinesesch Firma huet awer nach kee Präis fir dëse LED-Monster genannt.