Wonnerparfum entwéckeltWat ee méi schweesst, wat ee besser richt!

Britesch Wëssenschaftler sollen anscheinend eng Formel fir en zukënftege Wonnerparfum entwéckelt hunn.

Déi "parfüméiert ionesch Flëssegkeet", déi vun 3 Wëssenschaftler entwéckelt gouf, soll méi staark richen, wat hiren Utilisateur méi schweesst - dat versprécht d'Etude vun der Queen's University vu Belfast.

Fir hir nei Wonnerwaff géint Kierpergerëch hunn d'Fuerscher verschidden Ingredienten aus Parfume mat enger gerochsneutraler ionescher Flëssegkeet kombinéiert. Beim Experiment koum eng Flëssegkeet, déi staark op Waasser - an domat och op Schweess - reagéiert eraus.

Den Dr. Nimal Gunaratne, ee vun den Haaptwëssenschaftler vun dëser Etude, huet vun engem fantasteschen Duerchbroch geschwat. Et géif sech net nëmmen ëm e grousst kommerziellt Potenzial handele fir d'Kosmetik- a Parfum-Branche, ma och a ville wëssenschaftleche Beräicher.