D'Horror-Clowne si lass!E grujelegen Trend aus den USA a Groussbritannien

Virun Halloween dauchen an Amerika an an England elo erëm déi éischt Horror-Clownen op. E "Spaass" deen um Enn guer net méi witzeg ass.

Reportage: Comeback vun den Horror-Clownen (12.10.2016)
Virun Halloween dauchen an Amerika an an England lo erëm déi éischten Horror-Clownen op. E "Spaass" deen um Enn guer net méi witzeg ass.
Wat als domme Witz fir sougenannte "Prank-Videoen" am Internet ugefaangen huet, entwéckelt sech den Ament nees zu engem seriéise Problem. Ëmmer méi Fäll ginn an den USA a Groussbritannien gemellt, an deene Mënschen a grujelege Clown-Kostümer, ähnlech wéi am bekannten Horror-Film "Es"  vum Stephen King, Foussgänger oplaueren. Mat Messeren, Aaxten an anere Géigestänn joen si hiren Affer hannendrun. Deelweis wier et och schonn zu brutalen Iwwergrëff komm. Souguer viru Kanner schrecken déi maskéiert Leit net zeréck.

Nei ass den Trend net. Sicht een am Internet fënnt ee genuch Killer-Clown-Prank-Videoen". Zwar gëtt dee makabere Witz um Enn opgekläert an de Video eropgelueden, ma un d'Suitten denkt deen Ament keen. Elo fir Halloween 2016 sinn d'Killer-Clownen also nees ënnerwee.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.