TNS-IlresWéi gëtt zu Lëtzebuerg Halloween gefeiert?

Ee vun zwee Residenten interesséiert sech anscheinend fir Halloween – seet e Sondage vun TNS-Ilres.

E Véierel vun de Leit gëtt de Kanner Séissegkeeten, wann déi un d'Dier schelle kommen. 2 vun 10 dekoréieren hiert Doheem. 15% iessen anscheinend gäre Kürbiszopp(!). 13% ginn op eng Halloweensparty a 5% organiséiere souguer selwer e Fest.

9% kucken da gären en Horrorfilm a bal grad sou vill profitéieren dervun, fir sech ze verkleeden.

LINK: Halloween : Que font les résidents du Luxembourg à l’occasion de cette fête ?

Op där anerer Säit sinn awer och 21% vun de Leit hei am Land iwwerhaapt net interesséiert un deem Fest. 27% maachen näischt Extraes fir Halloween. Speziell déi eeler Leit, sou TNS-Ilres.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.