Michelin Bib Gourmand Benelux 201714 Lëtzebuerger Restauranten op der neier Lëscht

De "Bib Gourmand" steet fir eng gastronomesch Kichen zu abordabele Präisser. 37 Euro däerfen Entrée, Plat an Dessert zesumme kaschten.

Michelin huet fir d'Benelux-Länner den neie Guide "Bib Gourmand" virgestallt.

Selektionéiert goufen de Bistrot 1865 vu Klierf, de Parc Le'h zu Diddeleng, den Dahm vun Ierpeldeng, de Brimer vum Grondhaff, d'Bergamote, de Restaurant Bick Stuff, de Kamakura a Mamma Bianca an der Stad. Soss op der Lëscht ze fanne sinn de Joel Schaeffer vu Mäertert, de Bonifas vun Nouspelt, den Two6Two vu Stroossen, de Restaurant Timandines vun Ëlwen, Vieux Château vu Wolz an d'Ecuelle vu Wilwerdang.

PDF: Sélection Bib Gourmand Benelux

PDF: Communiqué de Presse Bib Gourmand Benelux

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.