OnbeléierbarOuni Führerschäin ënnerwee: Chauffer schonn 42 Mol erwëscht

Muncheree léiert et wuel ni! D'Police vu Berlin huet en 43 Joer ale Mann scho fir déi 42. Kéier beim fueren ouni Führerschäin erwëscht.

© AFP

De Chauffer war wéinst villen anere Delikter och scho fir 2 Joer am Prisong, sou d'Police vu Berlin. Den Auto war de Beamten e Mëttwoch opgefall, well keng TÜV-Vignette op der Plack war.

De Mann huet säi Won nach op der Plaz misse stoe loossen an dierf sech ënner Ëmstänn op en neien Openthalt am Prisong freeën.