"Idiote vum Joerhonnert"Grupp Australier poséiert a Krokodil-Käfeg voll mat Köderen

Wéinst hirer Iddi eng Foto an engem Krokodil-Käfeg voll mat Köderen ze maachen, ginn e puer Australier als Idiote vum Joerhonnert bezeechent.

Op der Foto, déi an de sozialen Netzwierker immens vill gedeelt a kommentéiert gëtt, gesäit een déi 4 Männer, nodeems si an eng Krokodil-Fal geklotert sinn. De Spektakel huet sech an der Géigend vun där Bucht ofgespillt, an där viru knapp 2 Wochen eng eeler Fra vun engem Krokodil gefriess gouf.

De Buergermeeschter vun Douglas Shire, huet kommentéiert, hie wéisst net op déi Band sech d'Auszeechnung als "Idiote vum Joer" oder "Idiote vum Joerhonnert" net wierklech verdéngt hätt, fir hir liewensgeféierlech Aktioun. Den Ëmweltminister schwätzt op Twitter vun enger "dommer an illegaler" Aktioun.

© Facebook


Virun 2 Woche war an där Regioun eng demenzkrank 79 Joer al Fra vun engem Krokodil gefriess ginn. D'Déier gouf virun enger Woch agefaangen an déi stierflech Iwwerreschter goufen a sengem Kierper entdeckt.

D'Salzwaasser-Krokodille kënnen an där Géigend bis zu 7 Meter laang ginn, bei engem Gewiicht vu bis zu enger Tonn. Zanter d'Déieren an de 70er Joeren ënner Aarteschutz gestallt goufen, ass hire Bestand am tropeschen Norden explosiounsaarteg gewuess. Am Joer stierwe op d'mannst 2 Mënschen no enger Attack duerch e Krokodil.