Halloween-AktiounFastfood-Chaîne verdeelt gratis Hamburger u Grujel-Clownen

Eng bekannte Fastfood-Chaîne huet sech fir Halloween eng passend Aktioun afale gelooss. Si verdeele gratis Burgeren u grujeleg Clownen.

Burger King huet eng weltwäit "Scary Clown Night" den 31. Oktober lancéiert. An ausgewielte Restaurante kënne Grujel-Clowne sech u bestëmmten Auerzäite presentéieren a kréien dofir e gratis Hamburger.

An Amerika méi populär, ass een zum Beispill an Däitschland e bësse méi verhalen, vläicht och wéinst den negative Killer-Clowns-Schlagzeilen an de leschte Joeren. Bis ewell gëllt just am Burger King zu Köln an der Schildergasse d'Invitatioun fir déi grujeleg Clownen den 31. Oktober, dat tëscht 15 an 22 Auer. E gratis Hamburger gëtt et och just fir déi éischt 500 Clownen. Ma d'Aktioun leeft och a Groussbritannien, Schwäiz, Spuenien, Schweden, Südafrika, Japan, Brasilien, Argentinien a Russland.

Et dierf ee gespaant sinn, ob sech hei am Land och e puer grujeleg Gestalte mat rouden Nuese weisen. Op alle Fall gouf fir Lëtzebuerg keen offiziellen Opruff lancéiert.

Déi ganz Aktioun ass an éischter Linn net op eng Massewierkung aus, ma et soll e klengen PR-Gag sinn, dee fir Opmierksamkeet suerge soll.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.