VIDEO: No Karate-Trëtt géint FanOlympique Marseille suspendéiert Patrice Evra

An der Europa League hat den Evra en Donneschdeg scho virum Match rout gesinn. De Spiller vu Marseille hat e Fan mam Fouss bei de Kapp gerannt.

Eng ganz onsportlech Zeen gouf et am Match tëscht Guimaraes aus Portugal a Marseille aus Frankräich. De Patrice Evra huet no engem verbalen Austausch mat engem Fan dëse mam Fouss bei de Kapp gerannt. Den Arbitter huet dem Spiller, deen op der Bänk sollt setzen, direkt Rout gewisen, sou datt hien net agesat konnt ginn.

De Patrice Evra ass mat effet immédiat vun Olympique Marseille suspendéiert ginn. De Veräin huet donieft e Freideg den Owend weider Sanktioune géint de Spiller vu 36 Joer annoncéiert. Och d'Uefa denkt iwwer Konsequenze géint de franséische Nationalspiller no an huet eng Disziplinarenquête opgemaach. Déi zoustänneg Gremie kommen déi aner Woch zesummen.

VIDEO: Evra VS Supporter


Déi brutal Zeen huet e bëssen un den Eric Cantona erënnert, wéi hien am Januar 1995 un e Fan gerode war. No engem béise Foul hat de Cantona scho Rout gesinn, ma d'Fans vu Chrystal Palace hunn de Spiller vun Manchester United weider provozéiert. Dee war dunn ausgeflippt an huet a beschter Kung-Fu Manéier e Fan attackéiert. Resultat war 1 Joer Spär fir de Cantona.

VIDEO: Cantona VS Supporter


Wann ee béid Situatioune vergläicht, sou kéint och op de Patrice Evra eng länger Spär waarden.

Hei dat offiziellt Schreiwes vum Olympique Marseille:

Jacques-Henri Eyraud, Président de l’Olympique de Marseille, a rencontré Patrice Evra ce jour [also e Freideg, Nott vun RTL.lu] et lui a signifié sa mise à pied avec effet immédiat et sa convocation à un entretien préalable à une éventuelle sanction disciplinaire.


En outre, les premiers résultats de l’enquête interne diligentée par le club font apparaître un comportement inacceptable de la part d’une poignée de provocateurs ayant proféré des injures haineuses particulièrement graves à l’encontre du joueur et ce, alors que celui-ci et ses coéquipiers s’échauffaient en vue d’une rencontre importante.

En tant que joueur professionnel et expérimenté, Patrice Evra ne pouvait y répondre d’une manière aussi inappropriée.

Le club poursuit son enquête et utilisera tous les moyens de droit à sa disposition à l’encontre d’individus qui, sous couvert de leur passion pour l’OM, mettent en danger sa réputation en pénétrant sur le terrain et en injuriant un joueur au lieu de le soutenir.
 
RTL.lu: D'Resultater aus der Europa League

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.