UberAirUber schafft mat der Nasa un Taxien, déi fléien

"UberAir" soll deemno 2020 zu Dubai, Dallas a Los Angeles während Demonstratiounsflich getest ginn.

Déi éischt kommerziell Flich vun dëse Loft-Taxie si fir 2023 geplangt. Am Ufank gi si nach vun engem Pilot gefuer, awer wäerten och autonom fléie kënnen, sou de Spriecher vun Uber, Matthew Wing un d'Noriichtenagence AFP. 

Uber soll awer och mat Bell Helicopter an Embraer zesummeschaffen.

Déi futuristesch Taxie wäerten elektresch bedriwwe sinn an dofir méi lues, méi bëlleg a méi ëmweltfrëndlech wéi een Helikopter sinn, seet Uber. Dës Maschinne wäerten dann och op "Vertiports", Parkingen op Diercher oder op Brochen. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.