VIDEO: Europa LeagueTëscht Vardar an Trondheim war e Mupp de Star vum Match

Och wann et am Match tëscht béiden Equippen ëm net vill gaangen ass, kruten d'Spectateuren eppes gebueden.

Mat engem 1:1 hu sech béid Equippen am Grupp L getrennt.

Ma de richtege Star vun deem Match war e Mupp, dee bis op eemol am Mëttelkreess opgetaucht ass. De Ball louch an der Hallschent vun Trondheim an den Arbitter hat ënnerbrach, wéi hien de spezielle Feldspiller entdeckt hat. De Goalkeeper vu Vardar Skopje Filip Gacevski ass bei den Hond gaangen an huet dee Mol geheemelt. De Mupp huet sech dat gefale gelooss, a sech souguer virun hien op de Buedem geluet. Erausgedroe wollt en awer net ginn.



Dofir huet hien "catch me if you can" mam Sécherheetspersonal gespillt, déi et no kuerzer Zäit fäerdeg bruecht hunn, de Mupp an d'Katakombe vum Stadion ze "verdreiwen".

En Zorro op enger Pressekonferenz
© AFP


Fir eng aner kuriéis Zeen huet den Paulo Fonseca, den Trainer vun Donetsk, e Mëttwoch den Owend nom Match géint Manchester City gesuergt. Hien hat virum Start vun der Champions League Gruppepahese annoncéiert, datt hien, wa seng Equippe an der Grupp géint Manchester, Neapel a Rotterdam géif weider kommen, als Zorro verkleet op d'Pressekonferenz géif goen...

An hei ass de Beweis, de Mann huet säi Wuert gehalen. Mat 12 Punkten an enger 2:1 Victoire um leschte Spilldag géint Manchester, konnt d'Donetsk sech als Zweete vun der Grupp F qualifizéieren.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.