Cochem (D)"Verdächteg" Wallis verstoppt, Policeasaz wéinst Geocacher

E Sonndeg de Moien hu besuergte Awunner vu Cochem d'Police geruff, well si verdächteg Persounen gesinn hunn, eppes am Bësch verstoppen.

© Wikipedia
Hirer Ausso no, hunn 2 onbekannt Persounen am Bësch, iwwert der Buerg Elz, eng Plastikstut zesumme mat enger Wallis ënnert de Wuerzele vun engem Bam verstoppt.

Op der Plaz huet d'Police déi presuméiert "verdächteg" Wallis och fonnt, et huet sech awer erausgestallt, datt et sech ëm hei ëm e Geocache handelt.

Geocache, wat ass dat?

Beim Geocaching ginn ënnert anerem waasserdicht Behälteren mat engem Logbuch iergendwou verstoppt, fir dass d'Participante  mat Hëllef vun deels chiffréierte GPS-Koordinaten dës Cache fannen a sech androe kënnen.