Deier RosereiJonk Fra beschiedegt Konschtwierker, dorënner e Warhol-Bild

Dobäi ass en héije Schuet entstanen, well d'Bild vum Warhol huet e geschate Wäert vun 1,5 Milliounen Dollar.

© AFP
De Rendez-vous um Samschdeg den Owend war ganz anescht verlaf, wéi sech den texanesche Jurist dat virgestallt hat.

Den Anthony Buzbee wollt der jonker Fra en Uber ruffen, ma déi wollt net wierklech goen. Déi jonke Fra koum zeréck an d'Haus an huet gejaut "Ech ginn hei net fort". Dono huet si Wäin iwwer dräi Biller geschott, eent dovunner och nach zerrappt an dunn nach zwou Skulpture geklaut. Bei engem vun de Biller, wat en original Warhol soll sinn, gëtt de Wäert op 1,5 Milliounen Dollar geschat.

D'Lindy Lou Layman gouf kuerz no der Dot, an der Nuecht op e Sonndeg, verhaft. An engem éischte Bericht ass dovunner riets gaangen, datt de Schuet op 300.000 Dollar geschat gouf.

Kuerz viru Chrëschtdag koum déi jonk Journalistin awer nees fräi, dat géint eng Kautioun vun 30.000 Dollar.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.