E bëssen ze kalRéi an Nordrhein-Westfalen aus engem Pool gerett

Policebeamten hunn an der Nuecht op en Dënschdeg zu Werdohl an Nordrhein-Westfalen e Réi aus enger Schwämm gerett.

© AFP Archivbild

D'Bewunner vum Haus haten d'Déier an der Nuecht op en Dënschdeg an hierer Schwämm entdeckt an hunn d'Police geruff. Eng Patrull ass op d'Plaz gefuer an hunn d'Réi zesumme mat de Proprietairen aus senger mësslecher Situatioun befreit.

Duerch d'Keelt war d'Réi net méi amstand aus eegener Kraaft aus dem Pool ze klammen. Wéi d'Police präziséiert, ass et him den Ëmstänn entspriechend gutt gaang. Och e Jeeër war präventiv alarméiert ginn. Den Hausbesëtzer huet, op Récksprooch mam Jeeër, d'Déier dierfe behalen, fir et ze betreien bis et sech nees erholl huet.