Wat Saachen...New York: Éischte Kéier zanter 25 Joer ouni Schéisserei oder Mord

Et muss wuel esou spektakulär sinn, dass dës Nouvelle et an déi international Press packt: Zu New York gouf um Weekend emol eng Kéier néirens geschoss.

© AFP

Et ass déi éischte Kéier zanter 25 Joer, dass op engem Weekend keen erschoss gouf. "E Freideg, Samschdeg an e Sonndeg gouf et weder Schéissereien, nach e Mord", sou de Police-Chef vun der US-Metropol, "dat ass déi éischte Kéier zanter Joerzéngten an dorop kënne mir houfreg sinn."

E Weekend ouni Schéisserei gouf et fir d'lescht 1993 an der Milliounestad.

En neien Trend léisst sech doraus awer net schléissen, zum Beispill wier de Weekend vum 6. a 7. Oktober fuerchtbar gewiescht, mat e puer Schéissereien zu Brooklyn an an der Bronx. Och d'Zuel vun de Morden zu New York klëmmt nees. D'lescht Joer war mat 292 Morden déi nidderegst Zuel zanter de 50er Joren. Am éischten Hallefjoer 2018 sinn 147 Mënschen ermort ginn, dat ass eng Hausse vun 8 Prozent am Verglach mam Joer virdrun.