VIDEO - "Formateur" a "Futtballeur"Nom sportlechen Asaz: Famill seet Xavier Bettel Merci

Mat sengem sportlechen Asaz hat de Xavier Bettel enger Famill, déi hei am Land Vakanz gemaach huet, eng richteg Freed gemaach.

Mam Jong Futtball gespillt: Famill seet Merci (17.10.2018)
Well de Formateur Xavier Bettel mat hirem Jong virum Palais Futtball gespillt huet, seet d'Famill op Twitter Merci fir dee flotte Moment.
En Dënschdeg am spéiden Nomëtteg hat de Xavier Bettel eng Entrevue mam Grand-Duc. Ma nach ier et an de Palais eragoung, war de Formateur kuerz ofgelenkt.

Den Angus huet virum Palais Futtball gespillt, de Ball zeréckgepasst krut hie vum Xavier Bettel. Eng Ekipp vun RTL Télé Lëtzebuerg huet dat Ganzt mat der Kamera festgehal an de Clip gouf op RTL.lu nawell dacks gekuckt..

D'Reaktioune sinn net ausbliwwen.

Op Twitter huet d'Famill dem Xavier Bettel Merci gesot. Fir si hätt dëst hiren Trip op Lëtzebuerg nach méi memorabel gemaach.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.