De Mann ass dem Déier awer net rosen, mä gëtt sech selwer d'Schold um Virfall. Hien hat 2 Méint éischter schonn emol eng Schlaang a sengem Haus gesinn, op enger anerer Toilette, déi net méi benotzt gouf. Hien hätt do awer net dru geduecht, dass d'Toilette matenee verbonne sinn. Do hätt hie misse méi virsiichteg sinn.
An der thailännescher Haaptstad Bangkok kënnt et dacks vir, dass Schlaangen an Haiser oder Gäert opdauchen. Eleng d'lescht Joer goufen an der Millioune-Metropol eng 35.000 Schlaangen agefaang.