Bal 40 Millioune LikesEn Ee knackt de Rekord vum Kylie Jenner op Instagram
Et gëtt en neien Star op Instagram - en Ee. D'Bild vum gewéinlechen Héngeree huet iwwer 39. Millioune Likes kritt an domat d'Kylie Jenner iwwerholl.
Vun RTL

Mat enger Foto vun engem ganz gewéinlechen Ee gëtt dozou opgeruff, déi bis ewell beléiftsten, respektiv am meeschte gelikte Foto op Instagram z'iwwertrompen. An d'Iddi ass opgaang. Iwwer 39.000.0000 Mol geliked. An dat Eee ass aus weder aus Gold, nach huet et soss eng eege Säit oder e YouTube-Chanel.
18 Millioune Likes sollte geknackt ginn, dat Zil gouf schonn e Méindeg de Moien erreecht. E Sonndeg schonn waren déi 18 vum Kylie Jenner geknackt, ma bal 40 Millioune Likes, hunn d'Initiateure sech bestëmmt net erwaart.
Voir cette publication sur InstagramUne publication partagée par Kylie (@kyliejenner) le
Wien hannert "world_record_egg" stécht ass net gewosst. D'Foto ass och deen eenzege Bäitrag um Instagram-Profil. Amerikanesch Medien hu probéiert d'Persoun hannert dem Profil unzeschreiwen, do koum als Äntwert awer just, dass den Account dem Henriettea, engem Hong an engem klengen Duerf a Groussbritannien gehéiert. D'Henrietta wier just bereet Froen schrëftlech ze beäntweren.
Dobäi koum just eraus, dass d'Ee "Eugene" heescht an dass déi ganz Aktioun kee perséinlechen, mä just e sportlechen Hannergrond hätt. An un d'Veganer wier et nach d'Bemierkung, si solle sech keng Suerge maachen, d'Ee géif net giess ginn.

Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.