Mann léisst sech 3900 Mol bannent knapp 8 Stonne piercen

3900 Nolen, 2 professionell Piercer an een, jo, et kann ee scho bal Verréckte soen.

Nuebelpiercinger gehéieren zum beléifste Kierperschmuck© AFP
7 Stonnen a 46 Minutten hunn den Tyson Turk an de Chris Elliot gebraucht fir hire fräiwëllege Kandidat 3900 Mol ze piercen.

Déi 2 Amerikaner hate virun e puer Méint schonn eng Kéier de Rekord mat 3200 Nolen opgestallt. Deen neie Rekord ass dann en Deel vun der Campagne vun hirem neie Piercing-Studio. Ween de Gepiercten ass, a wéi laang en d'Nolen a sengem Kierper gehalen huet, ass iwweregens net gewosst.