Dat gëtt deiere Sushi ...Wat géift Dir fir e Kilo Thon bezuelen?

Genee 74 Millioune Yen, wat eng 610.000 Euro sinn, huet e Proprietaire vun engem Restaurant fir 212 Kilo Thon bezuelt.

Op der Fësch-Bourse zu Tokyo huet de Proprietaire vun enger Chaîne vu Sushi-Restauranten dës Zomm fir de Fësch bezuelt, deen op den Tellere vu senge Clienten wäert zerwéiert ginn.

Wann de Präis géif op d'Cliente reperkutéiert ginn, géif eng Portioun Thon-Sushi 81 Euro kaschten – mee de Kaf vum rouden Thon ass wuel virun allem als Pub fir d'Restaurantschaîne geduecht.