Carte Blanche vum Mohamed HamdiGender: Eng politesch Ideologie, déi staatlech gefrot gëtt

Relioun ass haut am traditionelle Sënn zwar net méi en vogue, mä all d'Dogme sinn duerch neier ersat ginn. Di nei sekulär Reliounen heeschen z.B. Feminismus a Gender-Theorie. Ideologien, déi gréisstendeels ouni vill kritesche Geescht akzeptéiert ginn an deenen hire Kritiker Blasphemie ënnerstallt gëtt. Dobäi gëtt et sou muenches un dësen Ideologien ze kritiséieren, mengt de fräischaffende Journalist Mohamed Hamdi.

Nodeems de sougenannte Chancëgläichheetsministère 2015 eng Frae-Quote fir d'Parlaments- an d'Europawahlen duerchgesat hat, gouf d'lescht Joer eng grouss ugesate Mediecampagne gestart, fir méi Fraen an d'Kommunalpolitik ze bréngen. Ënner Drohung vu Sanktioune géint d'Parteien, déi et net schaffen, d'Frae-Quot ze fëllen, solle Fraen also fir Politik begeeschtert ginn.

Et ass erschreckend, wéi invasiv am Numm vun enger Ideologie, dem Feminismus, an d'Entscheedungskraaft vu Parteien an Institutiounen agegraff gëtt. Bei kenger anerer Ideologie kéint ee sech esou een Agrëff virstellen an et géing zu Recht Protester ginn, wann z.B. d'Kierch mat oder ouni Drohung vun enger Geldstrof fuerdere géing, dass ee bestëmmte Quorum u Chrëschten Deel vun enger Partei oder enger Institutioun misst sinn.

Wat an alle Beräicher – vu Politik bis Wirtschaft – eigentlech ausschlaggebend sollt sinn, sinn d'Kompetenze vun enger jeeweileger Persoun a net seng biologesch Merkmaler. Heira läit och eng vun de ville Kontradiktioune vun der Gender-Ideologie. Zwar profezeit se eng genderneutral Gesellschaft, mä an hiren Aktiounen a Fuerderunge bleift si ausschliisslech op d'Geschlecht fixéiert.
 
Gender-Theorie ass eng politesch motivéiert Ideologie ouni wëssenschaftlech Basis a gëtt dofir ëmmer nees vu seriöe Fuerscher als Pseudo-Wëssenschaft qualifizéiert. Wann eng Ideologie, déi vu Wëssenschaftler als absurd beschriwwe gëtt, op Staats-Niveau mat Force duerchgesat gëtt a wann op dëser Basis déifgräifend politesch Entscheedunge getraff ginn, da si mer net wäit ewech vun enger Gesellschaft, déi am Numm vu reliéisen Dogmen entscheet, wat richteg a wat falsch, wat gutt a wat schlecht ass.
 
De Ministère justifiéiert dës Politik andeems en op Chancëgläichheet verweist. Mä Chancëgläichheet politesch Carrière ze maachen, existéiert schonn tëscht de Geschlechter a wann et manner Fraen ewéi Männer gëtt, déi dëse Wee wielen, da kann dat ganz ënnerschiddlech Grënn hunn. Mee eng Gesellschaftsgrupp méi politesch a finanziell ze fuerderen ewéi eng aner ass de genaue Géigendeel vu Chancëgläichheet.
 
't ass och interessant, dass esou Quote just fir prestigiéis Posten agefouert ginn, an deene Fraen ënnerrepresentéiert sinn – net awer fir guttbezuelte Beruffer an deene Fraen iwwerrepresentéiert sinn oder fir prekär an onbeléift Beruffer an deene Männer iwwerrepresentéiert sinn. Dat Ganzt erënnert staark un dat berühmt Zitat aus dem George Orwell sengem Klassiker Animal Farm: “All d'Déiere si gläich, mee verschidden Déiere si méi gläich ewéi anerer”.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.