Carte Blanche vum Marc Glesener"Fake News", "Alternative Facts"

Och an Europa gëtt mat esou Mëttel an der Politik geschafft. Dat ass virun allem och eng Erausfuerderung fir d’Journalisten, richteg opzeklären a falsch Behaaptungen ze hannerfroen, mengt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, a senger "carte blanche".

Carte Blanche vum Marc Glesener

Wochelaang ass et hin an hier gaangen am Nopeschland Frankräich, wou d’Affaire Fillon de Walkampf am Virfeld vun de Presidentielle kloer dominéiert. Et huet esou ausgesinn ewéi wann de Kandidat vun der Droite an dem Centre kuerz virum Aus géif stoen. An dunn de Revirement. Seng Partei an seng politesch Famill stinn elo nees hannert him, ewéi wann näischt geschitt wier.

Näischt geschitt. Deen Androck dierften d’Fransouse wuel kaum hunn. Ronderëm d’Beschäftegung vum François Fillon senger Fra ass enquêtéiert ginn an et kennt elo zu enger mise en examen. Dat ass net näischt. Dofir dierften et Grënn ginn.

Dat schlëmmst un der Saach, an där d’Onscholdsvermuddung natierlech gëlle muss, sinn awer d’ëffentlech Reaktioune vum Fillon. Deen huet vun „assassinat politique“ geschwat, d’Aarbecht vun der Justiz direkt a Fro gestallt an am Prinzip de Wielerwëllen iwwer d’Uerteelsverméige vun der Justiz gestalt. Am Fong geet dat net an ass eng Rhetorik, déi ferme un dat erënnert, wat déi Despote vun sech ginn, déi momentan esou schaarf an der Kritik stinn. Ech denken u Leit ewéi Putin oder Erdogan. Bref, an senger Wuertwahl war de Fillon definitiv donieft.

Dobäi kennt eng Aart a Weis vun ëffentlechen Aussoen, déi beim Donald Trump Schoul maachen. Stéchwuert „Fake News“ an „Alternative Facts“.

Do behaapt de François Fillon dach net einfach esou am Journal vu France 2 et wieren 200.000 Leit op säi Meeting komm. D’Police schwätzt vu 40.000 an op d’Platz vum Event passen der grad emol 50.000. An dann déi Saach mat de supposéierte Berichter vun Tëleessender iwwer den erfonnte Selbstmord vu senger Fra. Viru lafende Kamerae reecht sech de Fillon iwwer esou ee Stil vun Attacken an de Medien op. Fakt ass, datt bis elo kee Sender fonnt ginn ass, deen esou eng Meldung verbreet hat.

Am Fong ass et onerhéiert esou ze argumentéieren a Saachen esou aus evidente Grënn ze verdréien. "Alternative Facts" schafen, dat ass net nëmmen eng Saach vum Trump a senge Leit. Bleift ze hoffen, datt des Aart a Weis de politeschen Debat ze verfälschen an ze verdréinen net weider op Europa iwwergräift. Besonnesch a Walkampfzäite besteet de Risiko, dat genee dat geschitt. Hoffentlech ginn dann all déi kleng Trumpen an Trumpinnen enttarnt an hir Ligen opgedeckt. An dat ass a bleift virun allem eng Aufgab vun der Presse, déi wéi keen aneren an der Flicht steet, géint „Alternative Facts“ a „Fake News“ virzegoen an de Léit d’Wourecht seet. Déi richteg Wourecht eben.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.