Lieserbréif vum Alex KintzingerEng Fro vum Prinzip

Dat sougenannte „Burka-Verbuet“ ass jo zu Zäit ee kontrovers Thema am ëffentlechen Debat. D'Gëschter scheeden sech oft bei dëse Sujet an et gëtt oft wäit iwwert dat ursprénglech Thema ewech Diskutéiert. An als Ënnerstëtzer vun sou engem Verbuet kritt een of bäi de Kapp geheit, dass ee  rassistesch oder xenophob wier , an dat een natierlech och direkt „Rietspopulismus“ domadder ënnerstëtzt.

Wann een dat Thema mol ganz niichter  un kuckt gesäit een dorunner guer näischt am politesche Sënn „Radikales“ , mee dat sou ee Verbuet souguer staark Pro-Europäesch ass. Ech soen, et muss een als iwwerzeegten Europäer een Zeeche setze  wann et dreems geet , ons europäesch Wäerter an onse fräiheetleche System virun anti-modernen , réckstännege Praktiken ze schützen déi onser gemeinsamer europäescher Kultur friem sinn . An dat egal op een elo e europäesche Chrëscht , een europäesche Moslem  oder een Atheist ass. Fraen déi sech aus engem archaesche Grond  verschleiere musse wo ni an onser Europäescher Kultur verankert. Leit déi argumentéieren  ee Burka-Verbuet wier géint Reliounsfräiheet  , vergiessen dass och Reliounsfräiheet hier grenze muss hunn, zemools wann des Relioun Elementer huet déi kloer ons Wäerter ofleenen.

Wann ech vun onse Wäerter schwätzen , mengen ech souwisou net eng spezifesch Rei vu Wäerter, mee  eng ganz Palette vu verschidde Wäerter a Meenungen, déi sech oft ënnerscheeden , mee awer trotzdem ni sou wäit ginn dass se dëse Pluralismus vu Meenungen ofleene respektiv ons gesamt Europäesch Kultur a Gesellschaft a fro stellen. Dat menger Meenung no wo en Fundament vun der Europäeschen Eenheet , bei dem sech Grënner wuel all eens woen. Wann een de Charakter vun onseren europäescher Villsäitegkeet behidde well ,dann dierf een net aus Grënn vu falscher Toleranz nokucke wei verschidden Ideologien dës Wäerter bewosst demonstrativ oflehnen . Dofir kennt geet et iwwerhaapt net drëms wei vill Leit hei am Land eng Burka un hunn , et geet nämlech em d'Prinzip , dass mer een Zeeche fir eng Europäesch Identitéit setzen an dat onofhängeg dovun zu wei engem Glawen mer stinn,vun wei enger Hierkonft mer sinn oder wei eng politescher Meenung mer vertrieden.

Gesellschaftleche Konsens ass bei sou Froen néideg , Froen déi villäicht op den Éischte Bléck onwichteg schéngen,  mee awer vun fundamentaler Bedeitung fir Zesummeliewen zu Lëtzebuerg an an Europa sinn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.