Commentaire vum Jean-Marc Sturm"Einheit macht stark"

Se sollen eis representéieren. Also kënne mir vun hinne verlaangen, dass se exemplaresch sinn. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm

Commentaire vum Jean-Marc Sturm



Jo, léif Politiker, et geet ëm Iech.

Kucke mir fir d'éischt bei eise franséische Noperen.

Do gëtt gären ee Staatschef. Hie vergësst awer ze deklaréieren, dass hie vun engem räiche Frënn e Kredit, wuel verstanen ouni Zënsen, krut. Dee selwechte Politiker fënnt et quasi normal, dass hie Costumer am Wäert vun 13.000 Euro geschenkt kritt.

Mar sëtzt de Mann virun de Riichter a riskéiert eng „mise en examen“ wéinst presuméierte fiktiven Aarbechtsplazen zu Gonschte vu senger Fra an zwee vu senge Kanner. Et geet do ëm d'Bagatelle vun 900.000 Euro.

Parteiintern ass dee gudde Mann a gudder Gesellschaft, ech soe just Sarkozy a Bigmalion.

Net ze vergiessen d'Marine Le Pen. Och do geet et ëm fiktiv Aarbechtsplazen op Käschte vun der Allgemengheet. Déi gutt Fra huet esou guer de Culot, net op de Rendez-vous mat de Riichter ze goen a kritiséiert ee reng politescht Manöver.

Exemplaresch ass dat alles net. Grad esou wéineg, wéi wann heiheem Deputéiert iwwerdeiert Fligertickete fir offiziell Missioune kafen. Et géif nach feelen, dass se sech op Basis vun deem professionelle Vol déi privat „Miles-and-More-Kaart kreditéiere géife loossen.

Mä d'Tentatioun ass do, wann een esou no beim Trach steet. Nach méi aberrant fannen ech, dass eis Deputéiert och nach extra Jetone kréien, wa se a Kommissiounssëtzunge ginn. Do wou u sech d'Essenz vun der politescher Aarbecht gemaach soll ginn, also d'Haapt-Aarbechtsplaz.

Vill méi schro fannen ech awer de Fall „Joe Thein“. Do geet et net ëm d'Geld, mä ëm de politeschen Inhalt.

Ausléiser war den ominéisen "Like" vun engem Kommentar op Facebook, an deem eng Uspillung op den Doud vum John F. Kennedy zu Dallas gemaach an dem Jean Asselborn genee esou een Doud gewënscht gouf.

Nach méi schlëmm war awer d'Excuse vum Här Thein

Hei d'Zitat: Ech freeë mech schonns op de Moment, fir eemol am Summer tatsächlech, décapotabel duerch d’Stad Dallas am US-Bundesstaat Texas ze fueren, a mir Amerika weisen ze loossen. A selbstverständlech, fueren ech dann och bei d’JFK Memorial fir dem 22. November 1963 ze gedenken. Ech hoffen, den Här Asselborn deen ech als Mënsch respektéieren ass hei, mat dobäi. Et wär dach een Hohn wann een (bei allem Verständnës) duerch e geschichtlech Ereegnis, netméi d’Recht hätt, mam Auto eng Spritztuer duerch d’Stad ze maachen

Méi hirësseg geet wuel net méi.

D'ADR huet misse reagéieren an huet de Joe Thein aus der Partei gehäit.

D'Argumentatioun kann awer erféieren doen.

D'Argument war ze soen, dass déi heiten Affaire déi Drëps war, déi d'Faass iwwerlafe gelooss huet. Op Distanz zum Inhalt vun deem Ganze geet d'ADR net.

Virop de Fernand Kartheiser, dee schonn am November 2013 op engem Blog Reklamm fir d' Fusioun vun AfD an „Die Freiheit“ gemaach huet, fir d'Schafe vun enger biergerlecher Partei riets vun der Mëtt a wäertkonservativ ënnert dem Motto „Einheit macht stark“

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.