Carte Blanche vum Marc Hostert“Pulse of Europe”- d’Erwäche vun de rouege Pro-Europäer?

De Marc Hostert ass Ekonomist a schafft op enger europäescher Institutioun.

Leschten Sonnden hunn an villen europäeschen Stied an Däitschland, Frankräich, zu Bréissel an zu Lissabon ronn 20.000 Leit fir Europa demonstréiert. Ass déi bis elo rouegt  Majoritéit vun Europäer am Gaangen ze erwächen? Gëtt de Populisten net méi eleng den ëffentlechen Raum gelooss? Doriwwer e puer Iwwerleeungen vum Marc  Hostert a senger Carte Blanche mam Titel: “Pulse of Europe” - d’ Erwäche vun de rouege Pro-Europäer?

Carte blanche: Marc Hostert (15. Mäerz)


D‘Initiative “Pulse of Europe” ass vun der däitscher Koppel Röder Enn 2016 gegrënnt ginn. Zil ass et, dem europäeschen Gedanken erëm eng Stemm an en Gesicht ze ginn an domat, deene verschiddene populisteschen Parteien den Wand aus den Seegelen ze huelen oder op mannst net eleng den Terrain ze iwwerloossen.

Des Initiative huet de Grënner no keng parteipolitesch Ziler. Hir Haaptiddi ass et, dat Leit sech no baussen zu Europa bekennen sollen, fir dass no de Walen an de Länner, wou momentan Walen ustinn  pro-europäesch Parteien d ‘Regierung bilden kënnen.

Der Biergerbewegung “Pulse of Europe”  hir Approche ass eng atypesch, eng, déi opfält an déi Gefiller zouléisst: Mënscheketten gi gebillt, den europäeschen Fändel gëtt gewisen an ugehaangen, et gëtt  keng offiziell Rieden méi, en offene Mikro fir jiddereen an um Schluss vun der Manifestatioun gëtt d'Europa-Hymne gespillt. Dat Ganzt gëtt iwwer déi sozial Medien organiséiert ouni groussen Opwand.

Et ass eng sougenannten “Graswurzelbewegung”, déi vun ënnen no uewe leeft - bottom-up -  mat enger pro-europäescher Zilsetzung.

D'Leit, déi matmaachen, sinn net naiv an och keng Europa-Romantiker a  gesinn Europa och kritesch. Hir generell Astellung ass awer dat Europa mat senge Wäerter wéi Solidaritéit, Fridden, Grondrechter a Pressefräiheet et derwäert ass op Strooss ze goen a sech zu Europa ze bekennen.

Vill vun dësen Europäer wënsche sech eng méi grouss europäesch Integratioun, en Schrëtt no vir, fir en Europa dat och seng Bierger schützen a verdeedegen kann. D'Leit wëllen awer och Reformen vun dem aktuellen Europa.

Dësen 25. Mäerz feiert d ‘Europäesch Unioun de 60. Gebuertsdag vum  Traité vun Roum. Parallel duerzou huet de Jean-Claude Juncker als President vun der Kommissioun ee Wäissbuch iwwert Zukunft vun Europa mat 5 Zeenarie bis 2025 publizéiert.   

Mir hunn deemno eng gemeinsam europäesch Integratiouns-Geschicht vu 60 Joer, op déi mir als Lëtzebuerger besonnesch stolz kënne sinn.  Mir hunn 5 Zukunft-Zeenarien um Dësch leien an eng Majoritéit vu Bierger a ville Länner wëllen e Schratt no vir maachen. Dës Elementer musse mer bündelen fir ee Ganzt doraus ze maachen.

Als Bierger vun Europa musse mer déi Chance nëtzen an eis zu Europa bekennen an dorëms bekëmmeren. Et ass héich Zäit, dat Pro-Europäer erwächen a soen, wat se wëllen!        


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.