Lieserbréif vum Michel WeimerskirchPromotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

De Michel Weimerskirch ass Grënner vum Projet Spellchecker.lu

Zanter 2006 schaffen ech um Projet Spellchecker.lu, hunn also schonn eng ganz Rei Erfahrung gesammelt bei mengem Engagement. Heiansdo hat ech d'Gefill ech géif géint Wandmille kämpfen.

En Donneschdeg, den 9. Mäerz, huet d'Regierung hir Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch presentéiert a versprach, dass neie Wand an d'Entwécklung vun der Sprooch soll kommen. Ech perséinlech sinn awer schwéier vun deem Dokument enttäuscht.

Ech kann aus Manktem un Zäit leider net all eenzele Punkt auserneenhuelen, wëll awer op e puer Kritikpunkte kuerz agoen.

Eng Strategie ass laut Definitioun e genaue Plang vun enger Virgoensweis, deen dozou déngt e bestëmmten Zil ze erreechen. D'Dokument passt awer net wierklech an déi Definitioun eran an dofir passt den Titel "Strategie" net wierklech. D'Zilsetzung schéngt am allgemengen zwar sënnvoll ze sinn (bis op de Punkt "Stellewäert stäerken", well dat kann alles an näischt heeschen). Awer amplaz vun enger strukturéierter Virgoensweis sti fir mech am Dokument just eng Oplëschtung vun Iddien, wat sécherlech eng gutt Basis ass, awer net als Strategie kann zielen.

Esou gëtt schonn direkt am éischte Punkt vum Strategiedokument dovunner geschwat, dass eng Strategie muss ausgeschafft ginn. D'Dokument schwätzt also dovunner, dass et selwer eréischt muss geschriwwe ginn?

Insgesamt bitt de Pabeier net vill Neies. Vill Punkten, wéi d'Verankerung vun der Sprooch an der Verfassung, goufe schonn dacks diskutéiert an d'Meenunge ginn auserneen. Fir elo awer scho quasi festzeleeën, dass déi Punkte sollen ëmgesat ginn ouni, dass d'Diskussiounen iwwer den Notzen an iwwer d'Käschten ofgeschloss sinn, wierkt - salopp gesot - e bësse populistesch.

Aner Punkte lafen elo och schonn: d'Uni Lëtzebuerg bedreift a ville Beräicher vun der Lëtzebuerger Sprooch, an insgesamt och vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg, vill Fuerschung. Iwwer de Portal infolux.uni.lu sti ganz vill Informatiounen och fir d'Ëffentlechkeet zur Verfügung. Kooperatioune mat auslänneschen Universitéite ginn et och schonn. All dëst, an och weider Punkte, kann ee sécher nach ausbauen a verbesseren, mee et ass net nei.

Déi wierklech nei Iddie wéi d'Schafe vun zousätzleche Poste ginn dann awer ze bedenken. Wäert dat wierklech iergendwéi hëllefen oder erhéicht dat net just d'Bürokratie? D'Funktioune vum proposéierte Kommissär kéinte beispillsweis vum aktuelle Sproochecomité (CPLL) iwwerholl ginn (gi se deelweis elo och schonn, wéi beispillsweis d'Norméierung vun der Sprooch).

Komplett vergiess gi privat Initiativen, déi zanter Joren d'Sprooch fërderen. Natierlech denken ech dobäi un de Projet Spellchecker.lu, deen all Dag iwwer 3000 Benotzer zielt an indirekt (doduerch, dass e vun der Press, vu Kommunikatiounsagencen awer och vu Gemengen a Ministère benotzt gëtt) zegdausende Leit erreecht. Säit Jore versichen ech op eng Kooperatioun hinzeschaffen a gi konsequent ignoréiert. Oder Initiative wéi déi Lëtzebuergesch Wikipedia, déi ëmmer méi ausgebaut gëtt an och ëmmer méi eng eenheetlech Schreifweis benotzt. Virun allem duerch d'Grënnung vun engem Interessensgrupp a Form vun enger ASBL wäert d'Wikipedia och ëmmer méi Gewiicht kréien. Oder de Site bonjour.lu mat Online-Videoe vum Jérôme Lulling. Oder déi vill Bicher fir Lëtzebuergesch ze léieren. Oder d'Sproochecaféen, déi e Kader bidde fir Sprooche mat anere Leit ze üben. All dës a vill aner Initiative spillen eng wichteg Roll am sproochlechen Alldag. Wisou gi si net an der Strategie ernimmt?

Da soll eng Etude iwwer d'Jugendsprooch gemaach ginn. Keen onwichtege Punkt. SMSen hautdesdaags awer nach als "nei Technologie" ze bezeechne wierkt awer e bësse réckstänneg a léisst ze bedenken, ob d'Froestellung ganz duerchduecht ass.

Beim Punkt Erwuessenebildung gëtt och e wichtegen Aspekt vergiess. Vill Leit, déi an d'Lëtzebuergesch-Coursen ginn, hunn duerno net gutt oder guer net d'Méiglechkeet, d'Sprooch ze benotzen, well hir Interlocuteuren aus Reflex automatesch op Däitsch oder Franséisch wiesselen. Fir elo méi Leit a Formatiounen ze schécken ass richteg a wichteg, awer eng Kampagne fir e Mentalitéitswiessel bei de Mammesproochler ervirzeruffen, an deenen déi Léieren och d'Méiglechkeet ze ginn ze üben - och wann et e bësse Gedold kascht - wier vläicht eng Iddi. Och hei sief nees un d'Sproochecaféen erënnert...

Zum Punkt Ëffentlechkeetscampagne fir d'Promotioun vun der Orthographie. Internetplattform a Broschür sinn d'Iddien aus dem Dokument. Léierbicher ginn et scho vill, do misst de Bedarf gedeckt sinn. Wisou net eng App mat Exercicer?

E weidere Punkt dee feelt, sinn d'Uertschaftsnimm. Aktuell gëtt et keng Instanz, déi di lëtzebuergesch Uertschaftsnimm definéiert, an dofir ass et dacks esou, dass d'Gemengeverantwortlech sech net un d'Reegele vun der Orthographie halen. Plazeweis ass et esouguer esou, dass an enger Uertschaft op zwee Schëlter zwou verschidde Schreifweise benotzt ginn. Och dat ass eng Baustell, déi misst ugepaakt sinn an déi net am Pabeier ernimmt gëtt.

Zesummefaassend kann ee soen, dass den Iddien, déi opgelëscht sinn, definitiv de konkretiséierende Charakter feelt fir se als Strategie duerzestellen. Natierlech ass net alles schlecht um Dokument. Eleng, dass elo méi Initiativ ergraff gëtt, ass schonns u sech positiv, an och, dass de Gesamtkontext vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg ernimmt gëtt, ass positiv. Et feelt allerdéngs a mengen Aen déi méi wäitreechend Planung.

Ofschléissend wëll ech nach emol ënnersträichen, dass ech mech weiderhi fir d‘Promotioun fir d’Lëtzebuerger Sprooch wäert engagéieren, besonnesch wat d’korrekt Scheiwen ugeet.

Michel Weimerskirch
Grënner vum Projet Spellchecker.lu

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.