Commentaire vum Carine LemmerKierchefabricken: Wien interesséiert et?

Et ass Faaschtenzäit. Zäit, sech e bëssen zréckzehuelen, méi lues ze maachen – a bridderlech ze deelen. Sou wéi d'Kierchefabricken dat e bëssen hikréien, awer net sou richteg, mengt d'Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire...

"D'Leit verstinn net, wat mir do opféieren. An ech hunn u sech méi Wichteges ze dinn, wéi déi lescht zwee Joer iwwer Kierchefabricken am Land ze streiden.“ Dat sot den Inneminister Dan Kersch gëschter Moie bei eis am Interview. Recht huet en, an awer gëtt weider gestridden. D'Meenunge leien ze wäit auserneen a wäerten et och bleiwen. De Kompromëss vu leschter Woch war net gutt genuch a méi geet anscheinend net.

De Syfel, de Syndicat vun de Kierchefabricken, gëtt et eréischt zanter bal 3 Joer. 200 Joer laang ass et ouni Daachverband gaangen. Wéi et eescht gouf, d'Trennung vu Kierch a Staat an d'Haus stoung, huet ee sech gegrënnt an zesummegedoen.

270 Kierchefabricken gehéieren zum Syndikat. Ronn 170 ware virgëschter zu Hiefenech op der Generalversammlung. Net all si se begeeschtert, fir mam Äerzbëschof ze streiden, deen op d'Geriicht ze huelen. Mä majoritär geet et duer, weiderzemaachen an dru festzehalen, datt d'Kierchefabricken net ofgeschaf ginn.

Wee schaaft sech scho gäre selwer of? Dat kann ee kengem verdenken. D'Aarbecht, déi een all déi Jore geleescht huet, hätt ee gären unerkannt.

Mä et gëtt nu mol eng Konventioun, déi virun zwee Joer ënnerschriwwe gouf, vum Bistum a vun der Regierung an déi d'Opléisung vun de Kierchefabricke virgesäit. Blöd just, datt deen, dee mat ënnerschriwwen huet – den Erny Gillen - 3 Wochen duerno zréckgetrueden ass.

Och d'Kierchefabricken hu verstanen, datt si sech musse moderniséieren. Eng Kierchefabrick pro Gemeng, dat acceptéieren d'Memberen nach. Weider Fusiounen, och nach obligatoresch, eng pro Por...dann ass awer scho Schluss. Do waren d'Membere virgëschter Owend op der Generalversammlung net méi mat d'Accord.

Dat ganzt Verméige vun de Kierchefabricken an een Dëppen, bridderlech deelen also, kënnt net an d'Tut. D'Leit hunn eis d'Suen uvertraut, kengem aneren. Beim Fong weess keen, wien et huet. Mir kämpfe fir dat ze bleiwen, wat mer sinn, sot de President vum Syfel. An den CSV-Deputé-Maire Ali Kaes huet op der Generalversammlung nach nogeluecht: Wann den Här Kersch mat senger Iddi duerchkënnt, gëtt et eis net méi. Dat iwwerzeegt, dat kritt Ënnerstëtzung! En anere Vetrieder fuerdert, datt de Minister soll zu sengem Wuert stoen, wa Syfel a Bistum eng Léisung fannen, giff hie sech deem net verschléissen. Am anere Fall soll en zrécktrieden! Geklapps a Gelaachs a weider kämpfen – fir déi eegen Existenz.

De Bistum hat et fäerdeg bruecht, en Accord mam Syfel auszehandelen, mä dem Inneminister geet dat net duer. Deem seng Proposen acceptéiert de Syfel net. 3 ass meeschtens een ze vill. Zwee wëlle just de Contraire an halen u Prinzipie fest. Deen een un der Konventioun, déi aner un hirer Existenz.

D'CSV ass ganz äerdeg am Dossier Kierchefabricken. D'Generalversammlung wier eppes Ähnleches gewiescht wéi eng „Seniorenveranstaltung“ vun der CSV, déi kee Resultat giff bréngen, sot de Minister Dan Kersch gëschter Moie bei eis. De Jean Spautz, fréieren eemol-alles-CSV-Politiker, ausser Premier, huet sech op der Syfel-Generalversammlung beklot, datt si an deem Bréif behandelt ginn wéi e Jickebetrieb. Mir däerfen net opginn, dann existéieren d'Kierchefabricken weider – a kee weess méi, wien den Här Kersch war. Sot de Jean Spautz.

De Syfel dreet iwwerdeems weider mam juristesche Wee, mat Stroossbuerg. An d'Fro bleift, ob d'Regierung a Bistum dierfen d'Kierchefabricken ofschafen.

An d'Gemengewahlen stinn och nach virun der Dier!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.