Tëscheruff vum Roy GrotzD'hollännesch Digue géint Riets huet gehalen...

Et geléngt also nach d'Populisten iergendwéi Schach mat ze setzen, dat hunn d'Wahlen an Holland gewisen, mä de Präis ass héich, fënnt de Radio-Chefredakter Roy Grotz.

An dee Präis ass deen, datt de Geert Wilders mat senger PVV ëmmerhin zweetstäerkst politesch Kraaft ass. Holland muss elo mam Predikat liewen, datt aggressiv, autoritär Riets-Populiste salonfäeg sinn.

An da kann ech, wann een hannert der Partei vum Premier Rutte, Zweeten an der Gonscht vum Wieler bal net verstoen, wéi Ee ka vun "opootmen" schwätzen, dovunner, datt d'Digue gehalen huet an datt d'Raumschëff Holland net an populistesch Galaxie geflunn ass.

Mä dach, absolut ass d'Land an deene Galaxien ënnerwee, well allégrement 13 Prozent vun alle Wieler de Wilders a seng rassistesch Iddie gewielt an domat supportéiert hunn.

OK, d'Digue huet gehalen, de rietsen Domino-Effekt an Europa an de Populissem goufen ofgebremst, mä eng kloer Decisioun fir pro-europäesch Valeuren an Rechtsstaatlechkeet hunn d'Hollänner net gemaach. Och wa Se dem Rutte seng determinéiert Ligne géint d'Tierkei gewierdegt hunn an him zu 21 Prozent vun de Stëmme verhollef hunn.

Op een awer kann vun engem "sursaut démocratique" schwätzen - abee, dat fannen ech dann awer kloer iwwer-bewäert, wëll de Wilders all seng Ziler scho virun de Wahlen areecht hat an och déi aner Parteie mat op de populistesche Wee géint d'EU an d'Auslänner geholl hat.

D'Resultat vum Wilders kann Angscht maachen, mä och derzou opruffen, couragéiert d'Digue géint d'Tendenze vu Riets nach méi héich ze bauen, fir datt se vun dëse friemen-, europa- an islamfeindlechen, nationalisteschen Iddien an Theesen net ënnerhielegt ginn.

Et ass keng Plaz op der Politbühn fir krank Ideologien à la Wilders, dat kéint ee mengen, mä 13 Prozent kommen net duerch näischt zustanen. Och net bei dann dach esou oppenen an toleranten Hollänner, déi sech dann awer als zum Deel déi outen, déi ënnert sech wëlle bleiwen.

Si mer mol gespaant, op déi Attitude och a Frankräich a bei eis am Land dominéieren wäert, wa gewielt gëtt, elo wou mer 60 Joer Accorde vu Roum zelebréieren, wier et e kloert Signal, wa mer eis géint dës Stréimungen ze wiere wéissten an d'europäesch Integratioun nees eescht huele géifen, dat wier dach mol nees richteg Gréisst bewisen an Europa wakereg gerëselt.

Wahlen an Holland - The Day After / Tëscheruff vum Roy Grotz


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.