Carte Blanche vum Robert UrbéEconomie sociale et solidaire

Virun zwee Deeg war mat der Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel d’Aweiung vum Incubateur fir sozial Entreprisen, dem 6zero1 zu Déiferdang. Wat ass eng Entreprise sociale a wat ass d’Economie sociale et solidaire, freet a senger Carte blanche de Robert Urbé, Porte-parole vu Caritas Lëtzebuerg.



Den Incubateur 6zero1, wou ee vun den Aktionären d’ULESS ass, heescht esou, well en déi éischt SIS ass, déi dës Woch hiren Agréement krut. Wien ass d’ULESS? A wat ass eng SIS? Eng SIS ass e Statut, deen duerch e Gesetz vum 12. Dezember 2016 geschaf gouf, an dee fir Entreprises sociales, awer och am kulturellen an am Ëmweltberäich kann ugeholl ginn.

D’ULESS, d’Union luxembourgeoise de l’économie sociale et solidaire regruppéiert ronn 250 Memberen aus der Sozialeconomie, mat ronn 20.000 Beschäftegten, wat zwee Drëttel vum gesamte Secteur duerstellt, deen 8% zum Bruttoinlandprodukt bäidréit.

Fir d’ULESS ass och der europäescher Definitioun no eng Entreprise sociale eng, déi stellt entweder e Produit hier oder leescht e Service, dee fir benodeelegt Leit eng Hëllef ass, oder awer si bedeelegt an engem “normale” Prozess benodeelegt Leit bei der Hierstellung vum Produit oder der Bereetstellung vun der Déngschtleeschtung.

Do kënnt dann derbäi, datt en eventuelle Benefice net ausgeschott gëtt, mee am Betrib bleift an investéiert gëtt, fir weider derzou bäizedroen, den Zweck z'erfëllen.

An dann ass et wichteg, datt et fir dee Produit oder déi Déngschtleeschtung e Marché gëtt, also Clienten, déi de Produit brauchen oder wëllen, an datt et ee gëtt, deen och de Produit oder d’Déngschtleeschtung bezilt. Dat muss net de Client selwer sinn! Wann also z.B. fir d’Bereetstelle vu Schlofplazen an engem Foyer fir Obdachloser de Staat bezilt, oder awer fir Kannerbetreiungsplazen an enger Maison relais, dann ass dat de Fall. Do gëtt da gären dervu geschwat, datt dat jo da vum Staat subventionéiert Betriber sinn. Dat ass awer falsch: de Staat subventionéiert net d’Betriber, mee d’Leit, déi dee Produit oder déi Déngschtleeschtung brauchen, an déi sech selwer dat net leeschte kënnen, oder net sollen, well de Staat der Meenung ass, datt d’Allgemengheet déi Käschte soll droen. Et géif ee jo och ni vun enger Apdikt soen, dat ass e subventionéierte Betrib; an awer bezilt deejéinegen, deen do akeeft och nëmmen ee klengen Deel vum Präis.

Da gëtt et awer selbstverständlech och där Betriber, wou de Staat de Fonctionnement vum Betrib selwer zum Deel oder ganz finanzéiert. Dat geschitt dann, fir e bestëmmten Nodeel auszegläichen, deen dëse Betrib vis-à vis vun aneren huet, z.B. doduerch, datt e Leit beschäftegt, déi manner produktiv sinn, oder déi méi Encadrement brauchen asw. Et ass also net sou, dass hei déi staatlech Subventioun géif zu enger Verzerrung féieren, Stéchwuert “Concurrence déloyale”, mee déi staatlech Subventioun gläicht eng bestoend Verzerrung, en Ongläichgewiicht aus, fir de Marché an eng Balance ze bréngen.

Ouni sou staatlech Interventioune géife sou Betriber net kënnen existéieren, géifen déi Mënschen déi hëllefen, déi se brauchen, net kréien, wier eis Welt méi aarm.

Fir géint d‘Aarmut zu Lëtzebuerg an an der Welt ze kämpfen, brauche mer vill verschidden Dispositiver, a brauche mer ënner anerem och d’Economie sociale et solidaire!


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.