Commentaire vum Guy Weber"Holland first, Wilders second"

Een Dag no de Wahlen an Holland huet de Chefredakter vun der Tëlee Guy Weber sech seng Gedanken iwwert d'Resultat gemaach.

"Holland first, Wilders second"
"Holland first, Wilders second" (16.03.2017)
E Commentaire vum Guy Weber zu de Wahlen an Holland.

De Geert Wilders geet als 2. aus den hollännesche Wahlen eraus."Second is nothing", sot eemol de legendären Trainer vum englesche Kultveräin FC Liverpool, Bill Shankly. Dass eng 2. Plaz am Fall vum Wilders näischt wär, bezweifelen ech. Et ass trotz allem en Zeechen.

D'Rietspopulisten hu sécher net gewonnen, ma se sinn déi 2. ginn. De Populismus wär gestoppt, seet de Gewënner vun de Wahlen, de Premier Mark Rutte. Ass dat wierklech esou? Ech wär mir net esou sécher. De Geert Wilders schwätzt oder besser ausgedréckt twittert d'Sprooch vun de Leit, dat fannen ëmmerhin 13% vun de Wieler. De Wilders huet de Stammdësch politesch salonfäeg gemaach, an déi politesch Klass virun sech hi gedriwwen, an no extrem riets mat gezunn. Dat ass sécher bedenklech, awer e Fakt. Et ass e Message un déi politesch Klass. Net nëmmen an Holland. Et ass och e Message un d'Medien. D'Politiker an d'Journaliste mussen alleguerte vum héije Päerd erof. Mir mussen eng Sprooch fannen, déi verstane gëtt. De Geert Wilders huet Problemer ewéi Immigratioun, sozialen Zesummenhalt, Euroskepsis a Patriotismus an Holland thematiséiert an Tabue gebrach. Hien huet dës Themen op eng simplistesch Aart a Weis ugeschnidden. Politik maachen a regéieren ass awer net esou einfach ewéi um Stammdësch duergestallt. Eréischt wa Politiker d'Vertraue vun de Bierger zeréckkréien, andeem se d'Suerge vun de Leit eescht huelen an dat an hirer Sprooch eriwwerbréngen, awer och mir Journalisten d'Problemer einfach, awer net simplistesch erklären, an se net ëmgoen, eréischt da kéinten d'Leit ewéi Wilders iwwerflësseg ginn. Awer eréischt dann.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.