Carte Blanche vum Magali PaulusCooperatioun, Kohärenz a Steiergerechtegkeet

Méi Kohärenz an eisen nationalen an europäesche Politiken, géing net nëmmen eis gutt doen, mä och ville Länner aus dem globale Süden. D'Magali Paulus schafft fir Frères des Hommes an ass engagéiert bei Etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Magalie Paulus



Ech war elo 2 Wochen am Guatemala, wou mer en Treffen mat all eise latäinamerikanesche  Partner organiséiert haten. Eppes wat ëmmer erëm opkomm ass, ass déi grouss Influenz, Impakt vun de Multinationalen oder soss Firmen, déi den Extraktivimus als Haaptgeschäftsmodell pronéieren. Ob et Goldminne sinn, Zockerfelder, Palmuelegplantagen, Hydroelektreschwierker, Pipelinen, dat wat déi Projeten ausmécht, ass dass se Klengbaueren an indigene Vëlker hiert Land ewech huelen an esou mat hir Existenz an hir Kultur zerstéieren. Eise Pensiounsfong investéiert an esou Firmen, eis Banke ginn hinne Kreditter an eis Regierung erlaabt ville vun hinne wéineg bis keng Steieren an de Länner, wou se Gewënner maachen, ze bezuelen. Wou ass do d'Cohérence des politiques? Mir sinn ëmmer ganz houfreg op eis Entwécklungszesummenaarbecht, ëmmerhi gi mir 1% vun eisem PIB fir d'Cooperatioun, do si mir déi Bescht. Mä wéi ass et mam Sproch: mat enger Hand gi mer a mat der anerer huele mer zeréck?

Ech perséinlech ka mech net bekloen iwwert eis Entwécklungszesummenaarbecht, ëmmerhi schaffen ech elo iwwer 10 Joer an dem Secteur an hunn d'Geleeënheet de Beruff ze maachen, deen ech mer ëmmer erdreemt hunn. Mä et kann awer net duergoen sech einfach ze soen, dass mir mat 1% vun eisem PIB eppes Guddes maachen, ouni eis Froen ze stellen, wei eise PIB iwwerhaapt esou héich ass a wat mir an Europa ëmmer maachen, fir dass esou vill Länner weiderhin eis « Hëllef » brauchen.

D'Wirtschaftspolitik vun Europa duerch d'Accords de partenariats économiques mat Afrika ënnertenaner, bevirdeelegt Europa a net déi « aarm » afrikanesch Länner. Europa huet och den alleréischte Partenariat mat enger Regioun geschloss: Zentralamerika[1]. E Responsabele vun der EU huet dat ganz houfreg an enger Presentatioun am Guatemala gesot a bäigefügt, dass bis elo nëmmen den economesche Volet ëmgesat gouf an net de politeschen, sozialen, kulturellen... Dat reflektéiert ganz gutt d'Prioritéite vun der EU.

Dat, wat zum Beispill afrikanesch Länner duerch Steierhannerzéiung oder Steiervermeidung verléieren, ass bal dat Duebelt vun deem, wat se un Entwécklungsgelder kréien. Dat ass weder effizient, nach kohärent a stellt e radikale Wiessel vum kapitalistesche Modell hei an dohannen als eenzeg Léisung.


[1]              Les relations avec les pays d'Amérique centrale sont basées sur le «dialogue de San José». Engagé en 1984, ce dialogue s'est, depuis, élargi à des questions telles que le développement économique et social, les migrations et la sécurité. Succédant à deux premiers accords de coopération conclus en 1985 et 1993, un accord de dialogue politique et de coopération a été signé en 2003, instaurant plusieurs nouveaux domaines de coopération. Un accord d'association, premier accord de région à région de ce type conclu par l'Union européenne, a été signé en juin 2012 et ratifié par le Parlement européen en décembre 2012. Cet accord pose comme objectif la mise en place d'un partenariat politique privilégié fondé sur des valeurs, des principes et des objectifs communs, le renforcement des Droits de l'homme, la réduction de la pauvreté, la lutte contre les inégalités, la prévention des conflits ainsi que la promotion de la bonne gouvernance, de la sécurité, de l'intégration régionale et du développement durable. L'accord d'association libéralise également le commerce des produits industriels et la pêche, et élimine la plupart des droits de douane sur les échanges agricoles. Le chapitre commercial de l'accord est entré provisoirement en vigueur en 2013 (à des dates différentes selon les pays). Une commission parlementaire d'association, composée de députés au Parlement européen et de membres du Parlacen et des parlements nationaux du Costa Rica et du Panama, est chargée de contrôler la mise en œuvre de l'accord. http://www.europarl.europa.eu/atyourservice/fr/displayFtu.html?ftuId=FTU_6.6.2.html

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.