Commentaire vum Pit EverlingMam Terror liewen...

Dat rezentste Beispill ass wéi et ausgesäit Schweden. Extremisteschen Terrorismus op europäeschem Buedem, dat ass zënter enger Zäit eng Realitéit.

A mir, d’Leit, hunn entretemps op eng gewësse Manéier geléiert, mat där Realitéit ëmzegoen. Zu där Conclusioun kënnt de Pit Everling a sengem Commentaire

Paräis, Bréissel, Istanbul, Nice, Berlin, London, Sankt Petersburg, Stockholm... an d’Lëscht ass net komplett a wuel nach net fäerdeg.

De Commentaire vum Pit Everling



De 7. Januar 2015 ass eng Welt zesumme gebrach, op d’mannst emol eis wonnerschéi westeuropäesch Welt, an där d’Mënschen zënter enger Zäit friddlech mateneen oder op d’mannst nieftenee gelieft hunn.

Europa war virun déck 2 Joer am Schockzoustand. Et hat kee wierklech mat sou eppes gerechent. Journaliste ginn ermort, an dat esou no bäi, zu Paräis. Nawell sot jidderee sech heemlech, déi ware sech et jo awer mat hirer Berichterstattung iergendwéi sichen. Mir kann esou eppes net geschéien.

Vum 13. November 2015 u wësse mer, datt dat net stëmmt an datt et jidderee kann treffen. Zënterhier goufen d’Affer dacks arbiträr eraus gesicht. Et trëfft Leit, déi de falsche Moment op der falscher Plaz sinn.
Attentater, wéi et se soss zu Bagdad, Aleppo, oder Tripolis gouf, déi hu mer lo matten an der Europäescher Unioun. Et ass alles sou no... an et kéint een et selwer sinn.

Eisen Ëmgang mam Terror ass an de leschten déck 2 Joer awer en anere ginn an dat ass och guer net anescht méiglech.

Aus engem Schockzoustand gouf e scho bal routinéierten Ëmgang mat ëmmer neien traurege Nouvellen.
D’Solidaritéit déi et nach virun 2 Joer gouf ass jiddefalls net méi sou kloer ze gesinn. Mir waren all Charlie an och nach Paris oder Bruxelles. Rezent Attacke hunn net méi an deem Ausmooss Emotiounen ausgeléist. „Ech si Stockholm“ war net op ville Plazen ze liesen an op de soziale Netzwierker hunn déi Mannst hiert Profilbild vum Strand duerch e schwedesche Fändel ersat.

Dat wëll net heeschen, datt d’Matgefill vun deemools gespillt war an et wëll net heeschen, datt d’Evenementer vun haut d‘Leit kal loossen.

Op eng gewësse Manéier huet Europa sech un den Terror gewinnt. Vill Europäer hu geléiert am Alldag mat der Angscht ëmzegoen. Si ginn der Angscht net no, si liewe weider, gi schaffen, maache Sport, ginn an de Restaurant an an de Kino, sou wéi virdrun.

Vill Psychologe soen, datt dat den eenzeg richtege Wee ass.  Weider liewen, sech net ënnerkréie loossen, den Terroriste weisen, datt d’Wäerter vun enger fräier Gesellschaft net futti ze kréie sinn. Wat d’Europäer méi an d’Knéie ginn, wat den Terrorismus méi seng Ziler erreecht.

Et ass dann och net kloer, ob Ausnamezoustänn ewéi a Frankräich, Zaldoten op Schratt an Tratt an d’Duerchsiche vun alle Clienten, déi zum Beispill a Galerien erawëllen, ob dat alles wierklech eppes wäert bréngen. Vu verschiddene politesche Säite kënnt carrément d’Fuerderung, fir d’Grenzen zouzemaachen.
 
D’Fro stellt sech, bis wouhinner mer däerfe Fräiheeten opginn, fir d’Sécherheet ze garantéieren, déi et vläicht souwisou net gëtt. Et wäerten ëmmer Weeër ginn, fir aner Mënschen ëmzebréngen.

Net der utopescher Iddi nolafe fir honnertprozenteg Sécherheet wëllen ze hunn, dat heescht awer net, datt et guer keng Reaktioune sollte ginn. 

Natierlech mussen d’Autoritéite sech der neier Situatioun upassen an et muss op ville Plazen nogebessert ginn, virun allem, wat déi praktesch Ëmsetzung vun der bestehender Legislatioun ugeet

D’Vertrauen an de Geheimdéngscht, an d‘Police an an d’Justiz sollt net verluer goen. Déi Leit maachen hiert Bescht.

Bis dohinner bleift den Europäer näischt anescht iwwreg, fir trotz aller Roserei, Trauer an Angscht, esou gutt et geet mat der Terrorgefor ëmzegoen a fir sech sou wäit ewéi méiglech net am Alldag anzeschränken


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.