Commentaire vum Jean-Marc SturmD'Enn vun der fënnefter Republik?

An annerhallwer Woch si Wahlen a Frankräich: Egal wéi se ausginn, se wäerte Geschicht schreiwen. E Commentaire vum Jean-Marc Sturm.

Sondagen hinn oder hier. Favorit ass den Ament de fréiere sozialistesche Wirtschaftsminister an elo onofhängege Kandidat Emmanuel Macron. Am Ufank hunn déi meescht Sozialisten him Parricide, also "Vatermord" um natierlechen Titulaire vum PS an Nach-Locataire am Elysée François Hollande reprochéiert. Elo lafe se him d'Bud a fir mat him "en marche" ze sinn. Déi mannst aus politescher Iwwerzeegung, mä aus purem Opportunismus.

Commentaire: Jean-Marc Sturm (13. Abrëll 2017)


Och de fréiere Premier a sozialistesche Kandidat fir Kandidat ze ginn, Manuel Valls huet sech neierdéngs gemellt. Domadder huet hien dem offizielle Kandidat vu senger Partei Benoît Hamon de Réck gedréit. U sech misst de Macron sech iwwer all déi nei Frënn freeën. Mä de Mann huet ee Problem. Hie gëtt carrément erdréckt, hien dee sech als Sozialliberalen duerstellt, als Kandidat géint de System, deen nei Gesiichter, och Leit aus der Zivilgesellschaft, versprach huet. Et gëtt him zur Laascht, wann déi al Klatzkäpp vum Establishment sech "en masse" gären an der Ëffentlechkeet nieft oder hannert hie stellen. Domadder maache si aus him en neien, méi jonken Hollande an dat kann nach Stëmme kaschten. Derbäi gëtt hien och vu Leit aus dem Zentrum oder der traditioneller Droite draguéiert, Beispill ee François Bayrou.

Op där anerer Säit huet de Macron kee Choix. Hie brauch déi nei Frënn. Hie seet sech "ni de gauche, ni de droite". An de Mann kuckt iwwert d'Presidentiellen eraus.

Sollt hien tatsächlech nächste franséische President ginn, sti weider Wahlen um Programm: Am Juni gëtt en neit Parlament gewielt, an do brauch de Macron eng stabil Majoritéit fir op d'mannst een Deel vun deene Reformen ëmzesetzen, déi hie wëlles huet. "En attendant" muss hien och emol säi Mouvement "en marche" zu enger handlungsfäeger Partei maachen.

Hie brauch um Enn Alliéierter am Parlament oder et gëtt eng nei Zort Cohabitatioun an dat géif eist Nopeschland wuel blockéieren, eppes wat d'EU den Ament net brauch. Ouni däitsch-franséische Motor rullt den Apparat net. Sécher ass awer, dass den ale Modell vun der fënnefter Republik staark gerëselt gëtt. Déi al Parteie Republikaner a Sozialisten si K.O., se sinn implodéiert a stinn nëmme méi an der zweeter Rei.

Sondagen hin oder hier, den Ament gesäit et no engem zweeten Tour Macron géint Le Pen aus, mat um Enn dem Macron am Elysée, als President deen un d'Muecht kënnt, net well se hien aus Iwwerzeegung gewielt hunn, mä well der vill géint d'Le Pen sinn.

Mä opgepasst: Lescht Ëmfroe bréngen de Jean-Luc Mélenchon, den "insoumis" an d'Course. Macron a Le Pen sinn am gaangen un Terrain ze verléieren, de Mélenchon huet de Fillon iwwerholl a läit ewell op Plaz 3 an ee Ballotage Mélenchon-Le Pen ass zwar nach net probabel, mä och net méi onméiglech. Do hätte mir der dann zwee déi géint d'EU, op d'mannst an hirer aktueller Form, géint d'Globaliséierung, géint zum Deel bluttnéideg Wirtschafts-a Sozialreforme sinn. Zwee Extremer, déi sech op ville Punkte beréieren. Et wier egal wéi en Albdram fir d'EU.

Commentaire: Jean-Marc Sturm (13. Abrëll 2017)

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.