Carte Blanche vum Georges HellinghausenOuschtersymboler an Ouschterbräich

Ouschtersymboler an Ouschterbräich – dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche Georges Hellinghausen



„Ouschtersymboler an Ouschterbräich“ heescht eng Rubrik an engem Stater Parblad, déi mech inspiréiert. Rieds geet ë.a. vun de Klacken a vum Klibberen. D’Klacke sinn zënter gëscht, Gréngendonneschdeg Owend, verstommt an dat bis moar, Karsamschdeg Owend. Well si eng festlech Stëmmung verbreeden, ass d’Gelauts an der Zäit vum Stierwen a vun der Grawesrou vu Christus – dat gëtt jo dëser Deeg kommemoréiert – net ubruecht. Ersat ginn d’Klacken duerch d’Klibbere vun de Klibberkanner.

Schwätze misst ee vun den Ouschtereeër, Fruchtbarkeetssymbol, wat op déi reliéis Fruchtbarkeet hiweist, déi mat der Operstehung vu Christus an d’Liewe vum Mënsch antrëtt an him nei Perspektiven iwwert den Dout eraus opmécht. Well Ouschteren – iwwermuer – ass jo d’Fest vun der Operstehung, de Kär vum chrëschtleche Message.

Dat Fest gëtt agelaut an der Ouschternuecht, Karsamschdeg Owend. Et geet u mat engem Feier, dat virun der Kierch geseent gëtt. Un dësem Feier gëtt d’Ouschterkäerz ugefaangen an an d’Kierch gedroen, begleed vum Ruff „Lumen Christi“. Feier, d’Liicht, dat d’Däischtert hell mécht, ass säit jeehier e Symbol fir d’Liewen an domat de Mënschen helleg. D’chrëschtlech Traditioun bezitt et op de Jesus, dee vu sech seet: „Ech sinn d’Liicht vun der Welt.“ Déi Ouschterkäerz steet vun Ouschtere bis Päischten am Chouerraum vun all Kierch an erënnert déi Gleeweg un den Iwwergank vum Dout an d’éiwegt Liewen. Dono gëtt se an der Dafkapell opgestallt. d’Dafkäerz, déi en Neigedeeften no der Daf mat Heem kritt, gëtt un der Ouschterkäerz ugefaang an dréckt dat gëttlecht Liewen aus, dat him an der Daf geschenkt gëtt. Déiselwecht Ouschterkäerz brennt bei Begriefnesmassen als Hoffnungszeeche fir d’Operstehung.

Schéin a spriechend Riten a Symboler, déi an dësen Deeg gebraucht ginn! Innerweltleches geet iwwer dës Welt eraus, transzendéiert dës Welt a weist hin op Dimensiounen, déi net a Wierder oder a Biller ze faasse sinn. Oder méi poetesch, mam Goethe gesot: „Alles Vergängliche ist nur ein Gleichnis.“

Georges Hellinghausen

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.