Commentaire vum Guy WeberPremière bei de franséische Wahlen

An 10 Deeg stelle sech 11 Kandidate bei eisen franséischen Noperen dem Wieler. Et geet drëms, fir den Nofolger vum President François Hollande ze bestëmmen. Derbäi gëtt et eng Première. De Guy Weber kommentéiert.

Commentaire vum Guy Weber: Franséisch Wahlen (13.04.2017)
Première bei de franséische Wahlen
Bei de leschten 7 franséische Presidentschaftswahlen hunn déi Gréng ëmmer en eegene Kandidat an d'Course geschéckt. Dat ass 2017 net de Fall. De fréiere Greenpeace-Aktivist Yannick Jadot wëll de Sozialist Benoit Hamon ënnerstëtzen.

Déi Gréng bleiwen a Frankräich eng marginal Partei. Ech hunn dëse Phänomen ni richteg verstanen. Grad am Agrar- an Atomland Frankräich misste gréng Iddien eigentlech op fruchtbare Buedem stoussen. Ma zu Paräis ass d'Ëmwelt keng iewescht Prioritéit. Jiddefalls net op nationalem Plang. Déi bescht Resultater hunn déi franséisch Gréng ëmmer bei Lokal, Regional- an Europawahlen gemaach.

Virun 30 Joer hat e fréiere grénge Spëtzepolitiker a Frankräich nach gemengt, déi Gréng waren weder politesch lénks nach riets anzeuerdnen. Domadder wollt hien all Dieren oploossen, fir politesch Verantwortung ze iwwerhuelen. Mat bis elo begrenztem Erfolleg

An de meeschten europäesche Länner hunn déi Gréng sech mëttlerweil -ewéi bal all aner Parteien- a Richtung politesch Mëtt orientéiert. Esou bleiwe se koalitiounsfäeg. No alle Säiten.

Bei de franséische Gréngen schléit d'Häerz den Ament also nees ganz kloer lénks.

Dëse Choix ass sécher méi no bei de grénge Wuerzelen.

Déi Gréng musse sech eigentlech iwwerall an Europa d'Fro stellen, wou se sech an Zukunft wëlle positionéieren. Well wa gréng Ministeren den Ausbau vun Autobunnen decidéieren, da si mer wäit ewech vun urgréngen Iddien. Hei zu Lëtzebuerg hunn esou Decisiounen natierlech eppes mat Realpolitik ze dinn. Iergendwéi muss de Verkéierschaos jo geregelt an de Wuesstem ofgeséchert ginn.

Dës Problemer hunn déi franséisch Gréng sécher net. Si setzen op de Sozialist Hamon a riskéieren domadder kaum an den nächste Jore politesch matzeschwätzen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.