Lieserbréif vum Andy SchammoEege Meenung

Jiddereen huet d’ Recht op seng eegen Meenung’. E Saz deen een öfters héiert. Leider, menger Meenung no, e Recht wat vill ze selten exerzéiert gëtt.

De Problem vun der ‚eegener Meenung‘ kann een an dräi Etappen andeelen.

Déi éischt, ass dass mir eis hautzedaags iwwer dat Wéinechst eng eegen Meenung bilden, an awer eng Meenung zu Allem hunn. E Paradox deem mir eis mol méi, mol manner, bewosst sinn. Mir zéien eis Meenung meeschtens aus Headlines, oder och mol Artikelen déi mir liesen, aus Dokumentatioun déi mir kucken, oder aus Reportagen déi mir gesinn, jee am groussen a ganzen aus den Medien. Allerdéngs schafen Massenmedien och Massenmeenungen. Wou mir, als Individueller dann d’ Tendenz hunn no ze denken. Woubäi d’ Wuert ‚nodenken‘ hei d’ selwecht ze verstoen ass wéi ‚nomaachen‘.

Mee, ier een elo mengt ech géif d’ Medien attackéieren, wëll ech soen dass sech an de Medien informéieren net total falsch ass. Heikel gëtt et dann, wann sech eng relativ geleefeg Komponent dobäi addéiert. D’ Ignoranz.

Woubäi mir dann och beim zweeten Volet wieren. Aus verschiddenen Grënn, zum engen Zäitmangel a Stress, mee am sëcherlech oftsten , d’ Bequemlechkeet hunn mir d’ Capacitéit verluer Saachen kritesch ze hannerfroen. Mir schlécken alles wat een eis dohinner setzt, soulaang et och nëmmen am Entferntesten an eist Weltbild passt. Wat eis dohinner gesat gëtt, vu wiem, an mat wéi engem But, ass ville Leit ze vill Aarbecht fir ze hannerfroen. Konsequenz vun dëser Nonchalance ass dass mir net wëssen wat eis EEGEN Meenung wierklech ass, mir setzen eis net mat eis selwer auserneen, an froen eis net wat et wierklech ass wat mir als Individuellen als wichteg empfannen. Mir stellen näischt a Fro, an schonn guer net eis selwer.  Wann en Thema, oder eng Meenung eis dann net passt dann ignoréieren mir et. Falls d’ Ignoréieren awer net méiglech ass, verteidegen mir eis mat Hänn an mat Féiss an reagéieren agitéiert an oft och beleidegt.

Dëst bréngt mech dann zum leschten Punkt, dem (falschen) Stolz. Well mir net gär mat Saachen confrontéiert ginn, déi eis net passen, fillen mir eis ugegraff. Op dat sou ass, well do vläicht een eis mat enger Wourecht confrontéiert déi mir net héieren wëllen, oder well mir eise Liewenstyle an Gefor gesinn, sinn just zwee Beispiller vun Villen déi ee generell applizéieren kéint. Mee genau do ass de Problem; et ass nämlech net eis Meenung déi mir verteidegen, mee eisen Stolz. An eiser ganzer Egozentrik, kënnen mir keng Kritik, egal wéi konstruktiv se ass, méi unhuelen. Mir reagéieren vexéiert, wéi wann een eis gezielt attackéiert hätt, an net just ee Point de Vue. Well mir eis mat Saachen identifizéieren amplaz mat eis selwer, fillen mir eis och ëmmer perséinlech ugegraff wann een déi Saachen a Fro stellt. ( En einfacht Beispill : Seet een z.B dass den Alkoholkonsum am Land e Problem ass, kritt een als Standard Äntwert ‚Ech drénken jo och net sou vill‘ , och wann et guer net perséinlech gemengt war ) Resultat ass dass, an enger Gesellschaft déi jo sou op demoktrach Werter pocht an non-stop widderhëlt, Diskossiounen praktesch onméiglech sinn, well Jiddereen stur op sengen Punkten beharrt ouni iwwerhaapt ze héieren wat den Géigeniwwer seet.

Firwat ass dat awer elo geféierlech, héieren ech de gelangweilten Lieser schonn denken.

Et ass geféierlech, well et an der Politik net anescht ass. Wann een Debatten vu Politiker lauschtert, dann mierkt een dass et ëmmer manner dorëm geet wat Si wierklech soen, mee wéi gutt Si sech verkafen. D’ Substanz vun enger Ausso ass net méi wichteg wann et se eloquent virgedroen ginn ass. Do ass Politik natierlech e Spigelbild vun eiser Gesellschaft.

Sou schléisst sech den Däiwelskrees, mat engem schlecht oder eesäiteg informéierten Wieler, deen sech dann no de Wahlen entrüst an géint Politiker schéisst well déi jo souwisou maachen ‚wat Si wëllen‘. Et ass kee Skandal dass e Politiker e Wahlverspriechen brécht, et ass ee Skandal dass mir eis net d’ Méi maachen no ze lauschteren wat e versprécht.

Verschidden Meenung sinn gutt, verschidden Perspektiven sinn wichteg, nëmmen mat Dialogen kënnt ee weider. Egal op national, oder global, wann ee Leit, Problemer a Meenungen ignoréiert an marginaliséiert, dann stinn se bemol mat Maschinnegewierer an Concertshaalen, mat Messeren an Kaafheiser oder mat Bommen bei Stadien, oder am ,beschte’ Fall, prett op der Bréck fir ze sprangen. Sech iwwer Saachen schockéieren an empören ass einfach, Saachen hannerfroen an dann Erkenntnisser zéien an säin eegent Liewen änneren ass essentiell!

D’ Intelligenz vum 21ten Joerhonnert ass net d’ Wëssen, mee d’ kritescht Denken.

Manner Ego, méi Dialog. Méi maachen, manner nomaachen. Méi denken, manner nodenken.

Andy Schammo

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.