Lieserbréif vum Roland BüxDéi Gréng an d’Éislek fir muer

Dat war d’Thema vun enger Konferenz de 5. Abrël zu Elwen mam Staatssekretär Camille Gira a senge Parteimembren aus dem Bezierk Norden. Do haten d’Leit dann d’Méiglechkeet Froen ze stellen zu Themen déi  si interesseiert hun. Ech wollt dat och nach, mee pünktlech em 22.00 Auer as de Mikro ofgeschalt gin.

Dat wëll ech dann elo hei nohuelen.

Wichteg fir d’Awunner vu Biwesch, deem klengen an elo guer net méi  idyllischen Éislécker  Dierfchen as d’Opstellen vu 7 Monster Wandmillen am Weiler Wandpark mat dee gréisste Maschinnen déi  et de Moment an Europa get. Obschon daß se ca 1,5 km vum Duerf wech stin verschandelen se d’Silhouette vum Duerf total. A Kaméidi  machen se och, zemols bäi méi starkem Westwand, dann héiert een se bis an d’Häiser eran. Daß déi Monsteren iwerhapt do konnte gebaut gin as u sech schon ee Skandal. Well se stin praktesch direkt niewent dem Vulleschutzreservat Ramëscher zu Weiler wat virun ca 30 Joer  do amenageiert gin as, deemols  d‘ „Mekka“ vun der Vulleschutzliga. A just do as dee gréisste Vull vu Letzebuerg, de Routmilan doheem !  Et sin der ëm déi 10 déi do an der Landschaft ronderëm fléien an och do hir Jong opzéien. Wann esóu ee majestätische Milan  an de Propeller vun enger Wandmillen geréit dann as dat säi sëcheren Doud. An déi Vulle loossen sech net einfach sóu wechlakelen vun deem Territoire wéi de Staatssekretär Gira op der Télé gemengt huet. Komplette Quatsch – huet een Ornitholog gesot. A fir de Misär komplett ze machen sin d’Wandmillen genee an dee Couloir geplanzt gin wóu all Joer Dausende vun Zuchvullen, virop natierlech D’Hoergänsen well  een déi am bëschte kann erkennen. Awer daß d’Millen och am Niwwel an an der Nuecht lafen, dat as wirklech ee Nogo. Vun de Fliedermäis deenen d’Longen duerch den Ennerdrock platzen wëll ech elo mol net schwätzen. A well dat mat de Wandmillen eng Affaire as wou et sec h em vill, jo ganz vill Geld dréint, da get sëcher och do erëm duerch d’Fanger gekuckt.  Béis Zongen an Däitschland nennen et  „der größte Skandal seit Menschengedenken“  

Dann zu engem weidere Kameidis-Mëcher,  d’CFL. Wat déi Gesellschaft sech scho Joere lang erlabt geet  op keng Kouhhaut. Owends wann dee lëschten Zuch zu Elwen ukom as da gin d’Maschinen vun der Gare an d’Biwescher Lach eragefuer a kommen dann entweder op eng Steckdous oder direkt iwert d’Catenaire un d’Stroumnetz hänken, fir d’Batterien opzelueden soen déi  eng, fir d’Voituren virzeheizen soen déi aner. Daß dat awer mat furchtbarem Gedäisch vun de Ventilatoren verbonnen as an d’Leit ëm hir wuelverdéngte Rou brengt an der Nuecht an och iwer déi ganz Weekender wou dat sech dann op 24 Stonnen den Dag hinzit, dat schéngt d’CFL-Direktioun netz e steieren. Dobäi schreiwt  déi Firma dann och nach ganz grouss „ Mobilité douce „ op hire Fändel, vläicht fir déi Leit déi mam Zuch fueren awer net fir déi déi dat Negativt mussen erdroen. Wann dee Kameidi wirklech net ze vermeiden as da mussen awer onbedingt Schallschutz-Arichtungen oder eng geschlossen Haal  dohinner gebaut gin. D’Rechnung vun deer Stoumverschwendung wëlt ech och emol gesin, well um Querschnëtt vun de Kabelen as liicht ze erkennen daß do ee ganz héijen Ampérage driwer leeft.

Wann een sech dat alles duerch de Kapp goe leisst da krit een den Androck daß d’Éisléck vu verschiddene Leit als Drëckskëscht vum Land ugesi get.  D’Éislécker Leit hu vill Gedold, mee irgend eng Keier as d’Faass voll an et leeft iwer.

Ech mengen domader och déi  laangjähreg Tragedie vun der N7 oder Nordstrooss. De Staatssekretär mengt jo dat wäer net sou schlëmm, just Moies an Owes eng Keier am Beruffsverkeier wäer et enk, fir de Rëscht awer net. Dat stëmt sou awer net well de Verkeier hëlt all Dag nach zou, speziell mat de Camionen. A wann ee Pech huet dann hänkt ee vu Marnech oder nach eischter hannert engem Trakter bis an d’Houschter Déckt, dat as bäi enger Vitesse vun 30-50 Km/h eng richteg Stress-Situatioun.

Dat ware meng Froen a Bemierkungen (an et bleiwen der nach)

A wann di Gréng et net fäerdeg brengen de Leit ausser Diktater a Verbueter och mol eppes Positives ze offreieren da gesin ech fir  2018 keng  gréng mee all aner méiglech  Farwen um Horizont.

Roland Büx

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.