Carte Blanche vum Jean HussDéi europäesch Kris an déi kommend Wahlen a Frankräich an Däitschland

Eng Carte Blanche vum Jean Huss, Ex-Deputéiert vun déi Gréng.

E puer Deeg virun de franséische Présidentiellen an dono de franséische Legislativwahlen a ronn 4 Méint virun den däitsche Bundestagswahle stécht d'Europäesch Unioun an enger déiwer, jo existenzieller Kris.

19/04/2017 Carte blanche Jean Huss



Dës Wahle wäerten ouni Zweiwel mat decisiv dofir sinn, ob d'EU ëmmer méi zerfält oder ob et endlech zu engem positiven Neiufank ka kommen.

D'Risiken an d'Menacë si bekannt:

Mä et sinn net eleng nationalistesch a rietsextrem Bewegungen a populistesch an autoritär Politiker wéi Erdogan oder Trump vu baussen, oder Orban, Kaszynski, Petry an Le Pen an der EU selwer. Grad esou negativ sinn och all déi konservativ a liberal politesch Elitten zu Bréissel an an esou munchen nationale Regierungen.

Trotz hirer total gescheiterter neoliberaler Politik wëllen dës europäesch Elitten aus EU-Kommissioun, EZB, Troika an Eurogrupp weidermaache wéi bis elo, ouni Récksiicht op all déi demokratesch, sozial an ekologesch Schied, déi hir Politik bis haut schonn ugeriicht huet an déi Europa ganz geschwënn scho widder d'Mauer wäerte fueren.

Et ass kloer, dat weder e Réckfall an Nationalissem an national Grenzen, nach en elitäre Weider-esou eng Léisung vun de Problemer kënne bidden.

Déi néi proeuropäesch Géigebeweegung "Pulse for Europe", déi zanter Kuerzem a villen europäesche Stied géint Nationalissem a fir Europa manifestéieren, ass dofir vun hirem Usaz hir ze begréissen.

Fir d'EU awer wierklech efficace géint Rietsextremismus a Populismus kënnen ze verteidegen, misst et dofir awer endlech zu déifgräifenden Ännerungen a Verbesserunge vun der bishereger Politik a vun de bestoenden europäeschen Traitéë kommen: éischtens ewech vum eesäiteg ultraliberalem Dogma vun onageschränkter Konkurrenz tëschent de Staaten, wou vun haaptsächlech dem Här Schäuble seng Politik an déi grouss däitsch Exportindustrië profitéieren. D'EU muss zweetens endlech och ewechkomme vun der onsozialer an onsolidarescher Austeritéit a vu falscher Dereguléierungs- a Privatiséierungspolitik. An drëttens brauche mer dringend vill couragéiert Mesuren, fir am Interêt vun eise Kanner a Kandskanner eise Klima an Ëmwelt a Gesondheet kënne méi wierksam ze schützen.

Dës noutwendeg Verännerunge wäerten a Frankräich net vu Fillon, Le Pen oder Macron ausgoen an an Däitschland net vum Schäuble, Merkel an hire bayreschen Acolyten, déi bei dëse Wahlen endlech all an d'Pensioun geschéckt sollte ginn.

E wierklechen Neiufank, eng besser europäesch Zukunft brauch dogéint dringend eng breet gesellschaftlech Bewegung an nei sozial an ökologesch orientéiert Politiker, déi wierklech fir den Dram vun engem demokratesch vereenten Europa astinn.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.