Commentaire vum Roy GrotzEn "ganz normalen" Ouschterweekend?

E knappe JO beim tierkesche Verfassungsreferendum, en engagéierten Urbi et Orbi vum Popst op Ouschtersonndeg, e Live-Stream vun engem Mord an den USA an eng reenereg Eemaischen - e ganz "normalen" Ouschterweekend also? De Chefredakter vu Radio Lëtzebuerg Roy Grotz mécht sech de Mueren seng Gedanken...

E ganz normalen Ouschterweekend? / Commentaire Roy Grotz



...an zwar doriwwer, dass an dëser Uso fir mech ee vun de wichtegste Faiten vum Weekend gefeelt huet, an zwar dass a Syrien bei der Evakuatioun vun occupéierten Stied bei Aleppo bei enger Attack op e Konvoi vu Bussen eng 130 Leit ëm d'Liewe koumen - 130 Mënschen - e Fait divers - dach, e bësse stécht d'Nouvelle nach eraus, wëll ëmmerhin eng 70 Kanner ënnert den Doudege sinn -  70 weider Läichen - 70 weider kleng, onschëlleg Affer, déi mer da bei déi aner Doudeg beirechnen, déi mer zanter 6 Joer ewell a Syrien an deem Biergerkrich zielen. Mir feelen dann d'Wierder, wa mer och nëmmen ee Gedanken driwwer verschwenden, ob mer esou Leit sollen am Land ophuelen an hinnen no hirer Flucht hëllefen, mä dat iwwerloossen ech elo deem Jugement vun Deem, deen dësem Commentaire de Mueren nolauschtert a sech seng eescht Gedanken mécht.

E weidere Fait Divers dann, erausgepickt aus dem Ouschterweekend: et goufen och matten am Mier eng 7.000 Flüchtlinge virun der lybescher Küst aus hire Booter gerett - 7.000 Flüchtlingen - einfach emol esou - Leit, déi esou gebeidelt, gepéngegt a schlecht dru sinn, datt Se et a Kaf huelen, ze stierwen, fir nëmmen eng besser Zukunft ze kréien. D'Secouriste sinn um Enn - dat liesen ech esou - kierperlech an séileg - et sinn DES Leit, déi eng 27.000 Bootsflüchtlingen aus Libyen an Italien bruecht hunn, mir schwätze vun deem Chiffer eleng dëst Joer.

Op wat wëll ech eraus, mat menge Gedanken, no sou engem feierleche Weekend vun Ëeersich an Iessen a Feieren an de Familljen?

Éier mech dëst esou opgewullt huet, wollt ech de Referendum an der Tierkei kommentéieren, eng Wahl, déi net méi asymmetresch an onausgeglach hätt kéinte sinn, wann Ee weess, datt e President alles dru gesat hat, fir de JO duerch ze setzen. Den Erdogan huet net nëmme mat sengem Vollek gespillt, mä wousst genee, dass hie mat mat senger Pressioun an der Gewalt esouguer während de Wahlmeetinge géif e Broch, eng Fraktur am Vollek schafen, déi hiresgläiche sicht - Diaboliséierung vun de soi-disant politesche Feinden, Polariséierung vun der Gesellschaft, Angscht a Chaos wëlle séinen. Mir kenne genuch Beispiller aus der Vergaangenheet, wou esou Rechnunge vun Autokraten opgaange sinn - a mir wëssen zu wéi engem Misär se gefouert hunn. Demokratie gesäit anescht aus - ech hoffen, dass d'EU-Leader staark genuch sinn, ze soen an ze weisen, datt Ankara domat misst de Statut als Kandidat fir an d'Unioun verspillt hunn. Oder op d'mannst, dass en Hoffnungs-Message vu Bréissel muss ausgoen, dass ouni d'Tierkei d'Flüchtlingsstréim net ze meeschtere sinn -  et dierf ee Jo nach hoffen, oder?

Zemools an den Deeg no Ouschteren an zemools, wann Ee sech op déi wierklech News wëll konzentréieren. An deem Sënn froen ech Iech och op den éischten Tour vun de Presidentiellen de nächsten Sonndeg a Frankräich ze kucken, d'Konsequenze kéinte bei wäitem méi déifgräifend sinn, wéi nom Referendum e Sonndeg an der Tierkei.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.