Apropos vum Gérard FloenerDen Internet a seng Trollen

Zanter et um Internet d'Méiglechkeet gëtt, op bal all Säit mat Commentaire, säi perséinleche Pefferkär bäizeleeën, gëtt et Trollen. Trotzdem huet déi Form vu Kommunikatioun hier gutt Säiten! Fënnt de Gérard Floener...

20/04/2017 Apropos: Den Internet a seng Trollen



Trollen, dat sinn déi Kommentatoren déi ouni Argumenter just géint alles sinn, wat si gelies oder héieren hunn. Déi och net laang iwwerleeën, mä einfach drop lass kommentéieren, an esou eriwwer komme wëllen, wéi wa si alles besser wéissten.

U sech ass et déi modern Versioun vum Bistrosgespréich, mam Ënnerscheed, datt dat deemools an engem relativ klenge Krees gefouert ginn ass, während Commentairen um Internet meeschtens direkt op der Place Publique landen.

Esou einfach wor et nach ni, fir sech ze profiléieren! Anengems wor et och nach ni esou einfach, fir engem aneren op d'Féiss ze trëppelen, op gewollt oder ongewollt.

Trotzdem stéieren déi Trolle mech net. An all de Joeren déi et de Web 2.0 elo scho gëtt, hunn ech mir ee Filter untrainéiert, mat deem ech esou Kommentaren einfach ignoréieren. Mä d'Kraaft déi an deem Kommunikatiounsmëttel stécht wéilt ech och net méi opginn. Meng Erfahrung ass déi, datt ech guer net muss bis an dee leschten Detail mat enger Iwwerleeung goen. Datt ech esou guer bewosst drop verzichte kann eppes aus ze schwätzen, well ech genee weess, datt et op d'mannst eng Persoun gëtt, déi vun der Fräiheet vum Web 2.0 profitéiert fir meng Gedanken ze ergänzen. An heiansdo och ze widderspriechen. Wat ech guer net als Affront gesinn, mä als Kompliment!

Well wann ee sech d'Méi gëtt, mat Argumenter eppes ze widderleeën, da kann ech doduerch nëmme bäiléieren. Keen ass perfekt a weess alles. A jiddweree gesäit d'Welt nëmme mat sengen Aen. Do falen engem heiansdo Saache guer net op, an dann ass et gutt, wann een dorop higewise gëtt, a säi Bléckwénkel méi breet maache kann.

Déi Erfahrung maachen ech regelméisseg, wann ech d'Commentairen ënnert mengen Apropos-Gedanke liesen. Déi gi richteg gutt ergänzt an ëmmer nees kënnt et fir, datt och déi aner Säit vun der Medail gewise gëtt. Eng, déi ech entweder net konnt, oder wollt, uschwätzen, oder un déi ech villäicht och net geduecht hunn. Dat bréngt mech dann och perséinlech weider, an dofir ass déi Form vun Austausch mir esou wichteg. Do kënnen och e puer Trollen d'Freed drun net futti maachen!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.